Bilingualismus

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Bilingualismus ( lat. bi >zwei<, lingual >Sprooch<) ass d'Bezeechung fir den Zoustand vun eenzelnen Persounen (individuellen Bilingualismus) oder enger Gemeinschaft (gesellschaftlechen Bilingualismus) déi sech bei der alldeeglecher Kommunikatioun 2 Sproochen gebrauchen.

Individuellen Bilingualismus, och nach Zweesprochechkeet genannt, trëtt am Fall op wou Kanner mat 2 Mammensproochen opwuessen. Dat heescht et muss e fäheg sinn 2 Sproochen ze schwätzen an ze schreiwen.

Zu Lëtzebuerg hun mir eng multikulturell Gesellschaft sou dat vill Kanner bilingual opwuessen, andems se entweder grouss gi mat der lëtzebuergescher Sprooch an dann nach eng 2 Sprooch an zwar entweder déi franséisch, englesch, italienesch, portugiesesch oder déi däitsch Sprooch léieren.

Vu gesellschaftlechem Biligualismus schwätzt een am Fall wou eng Gesellschaft méi éwei eng offiziel Amtsprooch huet.

Am Fall vu Lëtzebuerg, kann een soen dat mir 3 verschidden Amtssproochen hunn an zwar ass dat Däitsch, Franséisch an Lëtzbuergesch.

Schonn am 1 Schouljoer léieren Kanner déi däitsch Sprooch an am zweeten Schouljoer fängen Kanner mat der franséischer Sprooch un. Mir léieren also schonn 2 Sproochen an der Primärschoul, wat och zu grousse Problemer féieren kann, am Fall wou een eng Sprooch net sou gudd beherrscht wéi déi aner, well des Sproochen begleeden ons bis mär aus dem Lycée eraus sinn, bis wéider an ons spéider Berufsliewen. Deswéideren léieren Schüler am Lycée nach aner Sproochen wéi zum Beispill Englesch, Spunesch, Latein, an Italienesch.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Multilingual signs – Biller, Videoen oder Audiodateien