Bill Gates

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Qsicon Ueberarbeiten.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Bill Gates (in Kopenhagen, 2004)

De WilliamBillHenry Gates III, KBE [ˈwɪljəm bɪl ˈhɛnɹɪ geɪts] (* 28. Oktober 1955 zu Seattle) ass en US-amerikaneschen Manager a Programméierer.

De Bill Gates soll no leschten Aschätzungen deen zweeträichste Mann vu der Welt nom Carlos Slim Helú sinn. Hien huet 1975, zesummen mam Paul Allen, d'Microsoft Corporation gegrënnt. Hien huet een Undeel u Microsoft vun ongeféier 1,1 Milliard Aktien (déi eng 41 Mrd. US-Dollar wäert sinn); dat entsprécht méi wéi 10 % vum Grondkapital vu dëser Gesellschaft.

Hien ass President vum Opsiichtsrot vu Microsoft a war bis 2006 Leeder vun hirer Entwécklungsdivisioun („Chief Software Architect“). Zënter Dezember 2004 ass hien doriwwer raus Member vum Direktorium (Board of Directors) vun Berkshire Hathaway, dem Investmentholding vum Warren Buffett, deen nom Helú a Gates als drëtträichsten Mann vun der Welt ugesi gëtt. De Bill Gates huet och Aktie vu McDonald's an der Héicht vu ronn 35 Millionen US-Dollar (2007), a vum Fotokonzern Eastman Kodak.

Den 12. September 2007 huet hien op der Assemblée vu Microsoft offiziell säin Abschied geholl.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Säi Liewen a seng Carrière

[änneren] Auszechnungen an Unerkennungen

  • De Bill Gatws ass ënnert anrern Dokter honoris causa vun der Nijenrode Universitéit an Holland

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Bill Gates – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools