Bill Ramsey (Sänger)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Sänger Bill Ramsey. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Bill Ramsey.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Bill Ramsey
Gebuertsnumm William McCreery Ramsey
Gebuer 17. Abrëll 1931
Cincinnati
Gestuerwen 2. Juli 2021
Hamburg
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Filmschauspiller, Museker, Sänger, Journalist, Radiosspeaker, Discographesche Kënschtler

De Bill Ramsey, eigentlich William McCreery Ramsey gebuer de 17. Abrëll 1931 zu Cincinnati am Ohio a gestuerwen den 2. Juli 2021 zu Hamburg[1], war en däitsch-amerikaneschen Jazz- a Schlagersänger a Schauspiller.

En ass an Däitschland komm wéi e bei der United States Air Force Déngscht an deem Land huet misse leeschten.

Bekannt gouf hie mat senge Schlageren. Dat huet ugefaangen 1959 mat Wumba, Tumba, Schokoladeneisverkäufer, enger Coversioun vum Sheb Wooley sengem geckege Lidd Purple People Eater, dat 1958 an der Billboard Pop-Hitparad sechs Wochen op der éischter Plaz war. Am bekanntsten ass awer wuel säi Pigalle (Die große Mausefalle), dat 1961 fir dräi Wochen op Nummer eent an den däitschen Charts stoung, a fir ganzer 15 Wochen an den Top 50 ze fanne war.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Zum Tode von Bill Ramsey, mit einer Würdigung von Götz Alsmann