Bimbo-Theater

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Bimbo-Theater ass e lëtzebuergesche Marionetten-Theater.

De Bimbo-Theater gouf an den 1950er Jore vum Max an der Medi Geiben gegrënnt. Méi wéi drësseg Joer laang si se duerch Europa gereest, fir Kleng a Grouss de Bimbo, de Bumbo, den Draach-Kraach, d'Hex Nummer 6, d'Madame Bla-bla-bla-bla, de Meeschter Schmierpinsel an aner Poppe virzeféieren.

Nodeem d'Famill Geiben 1988 op Tossa a Spuenie geplënnert war, war et ganz roueg gi mam Bimbo-Theater.

Haut ass et de Pit Vinandy an d'Angie Schneider, eng Niess vun de Geibens, déi de Bimbo-Theater weiderféieren.