Birjuljowo Sapadnoje

Vu Wikipedia
Kaart vu Moskau mam Staddeel Birjuljowo-West

Birjuljowo Sapadnoje (Birjuljowo-West) ass e Quartier (Rajon) am Südleche Verwaltungsbezierk vu Moskau. E läit just nërdlech vun der Réngautobunn MKAD, tëscht der Warschawskoje Schosse an dem Staddeel Tschertanowo Jujnoje am Westen a Birjuljowo Wostotschnoje am Osten. Op enger Fläch vun 8,51 km2 hunn den 1. Januar 2010 eng 82.600 Leit gelieft.

D'ëstlech Grenz vum Rajon gëtt duerch d'Pawelezer Linn vun der Moskauer Eisenbunn gebilt, mat den zwou Statioune Birjuljowo-Towarnaja a Birjuljowo-Passajirskaja.

International an d'Press ass dëse Staddeel geroden, wéi an der Nuecht vum 10. op den 11. Oktober 2013 e 25 Joer ale Russ, dee seng Frëndin beschütze wollt, vun engem Mann, deen aus Zentralasien oder dem Kaukasus koum, néiergestach gouf, an dunn den 13. Oktober 2013 eng 1.000 rosen Demonstrante Vergeltung gefuerdert hunn andeems se sech stongelaang Stroosseschluechte mat der Police geliwwert hunn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Birjuljowo-West – Biller, Videoen oder Audiodateien