Bishamon
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel entsprécht net de Wikipedia-Critèrë fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipedia-Artikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. |
Bishamon op japanesch Bishamonten ass e buddhistescht Wiesen a gehéiert zu de véier Himmelskinneken. Et ass ee vun de véier Wiechter vum Norden. A Japan gëtt en och als ee vun de 7 Glécksgëtter ugesin.
Seng Aufgaben
Hien huet 3 grouss Aufgaben z'erfëllen: En ass de Gott vum Krich a seng Aufgab ass et seng Kriger ze schützen. Mä dat ass net seng eenzeg Aufgab, hie verdeelt och nach Räichtum un all déi Mënschen déi dem Buddhismus ugehéieren. A schlussendlech beschützt en och nach Mënschen vun den Dämonen an Krankheeten a verdeedegt buddhistesch Templen fir datt deenen näischt geschéie kann.