Bissau
Bissau ass d'Haaptstad vum westafrikanesche Land Guinea-Bissau a vun der autonomer Regioun Bissau. 2007 goufen vum Instituto Nacional de Estatística e Censosdaat 407.424 Awunner zu Bissau gezielt. D'Haaptstad, déi um Rio Geba beim Atlantik läit, ass déi gréisst Stad aus dem Land, huet de gréissten Hafen an ass den administrativen a militäreschen Zentrum vu Guinea-Bissau.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
Bissau gouf 1687 vun de Portugisen als befestegten Hafen a regionalen Handelszentrum gegrënnt. 1942 ass d'Stad dunn och no Bolama déi nei Haaptstad vu Portugisesch-Guinea ginn. Nodeems déi antikolonial Rebelle vun der PAIGC 1973 d'Onofhängegkeet erkläert haten, ass Madina do Boe zu der neier Haaptstad ernannt ginn, mä no der Unerkennung vun der Onofhängegkeet duerch Portugal den 10. September 1974 ass Bissau déi Funktioun erëm zougefall.
No enger Revolt sinn 1989 vill Awunner vu Bissau aus hirer Stad geflücht a sinn an engem temporäre Flüchtlingslager bei Prábis, 15 km westlech vu Bissau, ënnerkomm. Während dem Biergerkrich (1998-1999) goufe vill Haiser a Bissau zerstéiert, ënner anerem de Presidentepalais an de franséische Kulturzentrum, dee mëttlerweil erëm opgebaut gouf. Trotzdem ass de Stadkär nach ëmmer ënnerentwéckelt.
Geographie [änneren]
Bissau läit direkt un der Küst virum Bissagos-Archipel um Delta vum Floss Geba. D'Stad ass en autonomen administrative Secteur a läit niewent de Verwaltungsregioune Biombo an Oio. D'Koordinate sinn 11°52' Nord, 15°36' West (an dezimalen Koordinaten: 11.86667°, -15.60°).
D'Temparatur an der Haaptstad ass relativ konstant mat enger Duerchschnëttstemperatur vun 26,3°C (24,4°C am Januar an 27,2°C am Juni). Am meeschte reent et tëschent Juni an Oktober mat ëm déi 2000 mm Reen am Joer.
| Mount | Temperatur (°C) | Nidderschlag (mm) |
| Januar | 24,4 | 1 |
| Februar | 25,7 | 1 |
| März | 26,6 | 0 |
| Abrëll | 27,0 | 1 |
| Mee | 27,4 | 17 |
| Juni | 27,2 | 175 |
| Juli | 26,3 | 473 |
| August | 25,8 | 682 |
| September | 26,4 | 435 |
| Oktober | 27,1 | 195 |
| November | 26,9 | 42 |
| Dezember | 24,8 | 2 |
Infrastruktur [änneren]
Bissau ass agedeelt an d'Quartieren Alto Crim, Bandim, Mindará, Reino, Belém, Missira, Sintra, Calequir, Amedalai, Rossio, Nema, Mindará, Cupelon a Chão de Papel. Partnerstied sinn Agueda a Portugal an Dakar am Nopeschland Senegal.
Am Zentrum vun der Stad läit d'Plaz vun den Nationalhelden (Praça dos Herois Nacionais), ronderëm leien déi meeschte Ministèren a Banken, d'Klinik Simão Mendes (déi gréissten am Land), d'Geriicht, de Kierfecht an den nationale Stadion Estádio Lino Correia, an deem Plaz fir 12.000 Leit ass.
Am Südosten vun der Avenida Amílcar Cabral läit den deels och militäresch genotzten Hafe vun Stadt. Vun hei aus kann ee mat der Fähr op d'Insele vum Bissagos-Archipel fueren.
Am Nordwesten vun der Stad, néng Kilometer vum Stadtzentrum ewech, läit den Osvaldo Vieira International Airport, deen eenzegen internationale Fluchhafe vum Land. En ass nom President an Ex-Premierminister João Bernardo Vieira benannt. Déi portugisesch Fluchgesellschaft TAP Portugal flitt vu Bissau bis op Lissabon, soss ginn et nëmme Flich an aner afrikanesch Länner.
Demographie [änneren]
Déi lescht offiziell Vollekszielung gouf 1991 am Land ofgehalen, dunn hat d'Regioun Bissau 195.389 Awunner. Trotzdem huet den Instituto Nacional de Estatística e Censosdaat geschat, datt 2007 407.424 Léit an der Haaptstad an Emgéigend wunnen.
- Bevëlkerungsprognosen 1991 - 2025
| Joer | Populatioun |
| 1991 | 195.389 |
| 1995 | 234.794 |
| 2000 | 295.407 |
| 2005 | 371.667 |
| 2010 | 467.614 |
| 2015 | 588.329 |
| 2020 | 740.208 |
| 2025 | 931.295 |
Tourismus [änneren]
Wéinst der onstabiler politescher Situatioun op Guinea-Bissau ginn et och an der Haaptstad net vill Touristen. Trotzdem gëtt all Joer am Februar e grousse Karnaval zu Bissau geféiert (O Carnaval Anual de Bissau). Déi am meescht visitéiert Plazen an der Stad sinn d'Amura-Festung (Fortaleza de São José da Amura) mam Mausoleum vum Amílcar Cabral, de Mémorial Pidjiguiti, den Ethnologie-Musée (Museu Etnografico Nacional ) an natierlech d'Plage.
Economie [änneren]
Bissau ass wéinst sengem Hafen an dem Fluchhafen dee wichtegsten Handelszentrum a Guinea-Bissau. Den Handel beschränkt sech awer weinst der extremer Aarmut am Land op Basisprodukter, haaptsächlech Kakuetten, Haartholz, Kopra, Palmenueleg a Gummi. Dee gréissten Deel vun der Bevëlkerung ass aarm.
Partnerstied [änneren]
Linken & Sourcen [änneren]
- Beschreiwung vun Bissau (franséisch)
- Beschreiwung vun Bissau (englesch)
- Situatioun zu Prabis
- Stadplang vun Bissau
- Rapport vum Instituto Nacional de Estatística e Censosdaat
Abuja - Accra - Addis Abeba - Alger - Antananarivo - Asmara - Bamako - Bangui - Banjul - Bissau - Brazzaville - Bujumbura - Conakry - Dakar - Dar es Salaam - Dodoma - Dschibuti - Freetown - Gaborone - Harare - Kairo - Kampala - Kapstad - Khartum - Kigali - Kinshasa - Libreville - Lilongwe - Lomé - Luanda - Lusaka - Malabo - Maputo - Maseru - Mbabane - Mogadischu - Monrovia - Moroni - N'Djamena - Nairobi - Niamey - Nouakchott - Ouagadougou - Port Louis - Porto Novo - Praia - Pretoria - Rabat - São Tomé - Tripolis - Tunis - Victoria - Windhoek - Yamoussoukro - Yaoundé
| Commons: Bissau – Biller, Videoen oder Audiodateien |