Bitzzwir

Vu Wikipedia
Rietsgedréint a lénksgedréint Fiedem

De Bitzzwir ass e glaten Zwir dee beim Bitze gebraucht gëtt. E besteet aus e puer Fiedem déi zesummegedréint sinn. Meeschtens besteet en aus zwéi Fiedem déi zesummegedréint ginn, iwwer déi dann erëm zwéin oder dräi sou duebel Fiedem gedréint ginn. Wann déi zwéi bannenzeg Fiedem rietsgedréint sinn, ginn déi baussenzeg meeschtens lénksgedréint driwwer gewéckelt.

Fir datt e glat gëtt, gëtt e mat Gummi, Pergamentläim oder Fëschläim appretéiert.