Biwels
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Biwels vum Bildchenswee aus gesinn. | |||||||
| An anere Sproochen: |
fr: Bivels de: Bivels |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Distrikt Dikrech | ||||||
| Kanton: | Veianen | ||||||
| Gemeng: | |||||||
| Buergermeeschter: | Jean Kinn | ||||||
| Koordinaten: | 49° 57' 33" N 06° 11' 30" O |
||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
Biwels ass eng Uertschaft an der Gemeng Pëtscht.
Geographie [änneren]
Biwels, e klengt Duerf am Naturpark Our, läit eng 3 km nërdlech vu Veianen um Stauséi vun der Our. Dëst fréiert Bauerenduerf, dat emol eng Kéier als äermst Duerf vum Land ugesi gouf, huet sech zu engem klenge Bijou verwandelt. Wéi d'Dallspär Ufank vun den 1960er Jore gebaut gouf, ass een Deel vum Duerf op engem kënschtlesche Plateau nei opgeriicht ginn. Déi nei Haiser an d'Kierch leien elo um Bord vun engem 150 m breede Stauséi, mat gréngen Hiwwele ronderëm.
Déi fréier Duerfschoul gouf 1996 zu engem Gîte rural ëmgebaut, dee sowuel Wandergruppen an Touristen, wéi och kleng Seminairen a Familljefeieren ëmpfänke kann.
Geschicht [änneren]
Al Dokumenter schwätze vu Biweiltz (1332), Bevelis (1529), Byvels (1552) a Bievelisz (1635). Bis 1867 huet een nach säi Liewe riskéiert, wann ee vu Veianen oder Stolzebuerg aus op Biwels wollt goen. Bis dohinner gouf et just en einfache Wee, deen dacks d'Our passéiert huet.
Bis zur franséischer Revolutioun huet Biwels deels dem Grof vu Falkesteen, deels dem Grof vu Veianen gehéiert. Wéi 1816 nom Wiener Kongress déi Uertschaften lénks vun der Our däitsch goufen, gouf Biwels an d'Gemeng Stolzebuerg opgeholl. Wéi d'Gemeng Pëtscht 1826 geschafe gouf, gouf aus Biwels eng vu senge 7 Sektiounen. Biwels hat deemools nach 175 Awunner, dat sinn der Honnert méi wéi haut.
Biwels hat eng Millen, déi zënter dem Bau vum Barrage verschwonnen ass. Déi Mille war schonns den 12. Mäerz 1876 eng Kéier komplett duerch en Orkan zerstéiert ginn. Déi ganz Uertschaft hat och färrem ënner deem Orkan dee véier Stonne gedauert hat, gelidden.[1] Haut ass d'Biwelser Millen e Camping, knapps 1 km a Richtung Veianen.
Bis 1962 krut Biwels säin Drénkwaasser aus Däitschland. De Siphon vun der Waasserleitung ënner der Our erduerch war um Floss-km 14,785, net wäit vun der aler Bréck, do wou d'Albicherbaach an d'Our leeft.
Kuckeswäertes [änneren]
- Vun der Loch aus (N10) : schéine Panorama op den Ourdall mat der Buerg Falkesteen am Hannergronn;
- Point de vue Victor Hugo um Läichewee a Richtung iewescht Basengen um Niklosbierg;
- Schéi Wanderungen ronderëm de Stauséi vun der Our.
- D'Foussgängerbréck zu Biwels
Spréch [änneren]
- "Biwels, Biwels, hanner Juck, Falkesteen läit uewen drop" – Sproch mat deem d'Stolzber Awunner fréier déi Biwelser provozéiert hunn.
Bibliographie [änneren]
- Jacoby, Lex, 1999. Bivels-unter-der-Our. In: Lëtzebuerger Almanach vum Joerhonnert, S.378-389. Ed. Guy Binsfeld, Luxembourg.
- Kugener, Léon, 1987. Bivels, Verträumtes Dorf vor einem Lokalerreignis. Luxemburger Wort 19.06.1987: 16.
- Meier, Paul-Maria, 1993. Bivels. 228 S. Ed. Borschette, Christnach.
- Milmeister, Jean, 1966. Schloss Bivels, verschwunden oder erfunden? Revue Jg. 22, Nr. 21: 14-18 & Nr. 24:79. Luxembourg.
- Milmeister, Jean, 1974. Verlassen, versunken, verschwunden : untergegangene Dörfer in Luxemburg. Revue Jg. 29, Nr. 6: 26-30. Luxembourg.
- Ries, Adrien, 1978. Bivelser Tagebuch. 127 S., Sankt-Paulus Druckerei, Luxemburg.
- Ries, Adrien, 1988. Die Sprengung der Bivelser Ourbrücke am 25. September 1939. Veiner Geschichtsfrënn Nr. 6 Mäerz 1988.
- Weber, Heinrich Theodor, 1997. Brücken über die deutsch-luxemburgische Grenze. Gollenstein, Blieskastel. ISBN 3-930008-61-0.
Biller [änneren]
-
Vallée de l'Our - 1931
Uelegbild, Jean-Pierre Lamboray[2] -
D'Biwelser Ënneschtgaass 1930, Uelegbild vum Nico Klopp
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Biwels – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ Luxemburger Wort Nr. 63 vum 15. Mäerz 1876.
- ↑ Den Tableau war e Bäitrag vum Lamboray fir d'Exposition internationale vun 1937 zu Paräis. Vir an der Mëtt ass d'Biwelser Millen, am Hannergronn Biwels an uewe riets d'Buerg Falkesteen. D'Bild ass an de Sammlunge vum MNHA.