Blagny

Vu Wikipedia
Blagny
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Ardennes
Arrondissement Sedan
Kanton Carignan
Postcode 08110
Gemengecode 08067
Koordinaten 49° 37’ 18’’ N
      05° 11’ 31’’ O
Fläch  742 ha
Bevëlkerung  1.264 (2004)

Blagny ass eng franséisch Gemeng an den Ardennen an der Regioun Grand Est am Dall vun der Kuer.

D'Gemeng huet ëm 1822 wéi vill Gemengen an der Ëmgéigend en industriellen Opschwonk erlieft. Déi éischt Anlag war eng Walkmillen déi de Stofffabrikant Friquet an der fréierer Mille vu Blagny ageriicht hat. 1824 huet en ee Walzwierk dat hydraulesch gedriwwe gouf a Betrib geholl. Seng Installatiounen hu sech permanent vergréissert an 1859 goung en zweet Walzwierk a Betrib, an 1874 en drëtt. Um Enn vum 19. Joerhonnert huet d'Schmelz der Firma Saglio & Cie gehéiert, fir 1908 an de Besëtz vun der Société des Forges de Blagny-Carignan ze kommen. 1921 hu fënnef Walzwierker héichwäerteg Blecher a véier anerer Standartblecher gewalzt. 1928 wiesselt de Besëtzer nees eng Kéier an den neie Patron gëtt d'Société des Hauts fourneaux de Chiers et Longwy. 1960 gouf d'Kuer no Süden an en neit Bett getässelt, fir eng Vergréisserung vun den Anlagen z'erméiglechen. Gläichzäiteg goufen déi al hydraulesch Installatiounen ewechgerappt. Dat Ganzt wat an der Tëschenzäit an den Hänn vun der Usinor war gouf 1979 zougemaach. Vun den éischte Gebaier ass näischt méi ze gesinn. Déi déi elo nach do stinn, sinn aus den 1930er Joren. De Schaarschtech vun der Dampanlag gouf 2008 ewechgerappt.[1]

Blagny ass un d'Eisebunnsnetz ugeschloss iwwer d'Eisebunnsstreck Lille-Diddenuewen

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Kierch Saint-Remy mat enger Paart vu 1700.
D'Märei vu Blagny

Kuckt och[Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Ministère de la Culture - Mérimée