Blankenberge
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | |||||
| Communautéit | Flämesch Communautéit | ||||
| Provënz | |||||
| Arrondissement | Bruges | ||||
| Telefonszon | 050 | ||||
| Postcode | 8370 | ||||
| Koordinaten | 51° 18' 54.25" N 03° 07' 51.78" O |
||||
| Fläch | 1.741 ha | ||||
| Bevëlkerung | 18.450 (1. Jan. 2008) | ||||
Blankenberge ass eng Uertschaft a Gemeng déi an der Belsch an der Provënz Westflandern, um Nordmier läit.
Inhaltsverzeechnes |
Geschichtleches[änneren]
An der Regioun ëm Blankenberge si Reschter vu Siidlungen aus prehistorescher Zäit fonnt ginn. Duerno war d'Regioun vun de Gallier, Réimer a Franke bewunnt.
Tourismus ass ëm 1750 opkomm, wéi di éischt Bierger aus der räicher Handelsstad Bruges zu Blankenberge Vakanz gemaach hunn.
Transport[änneren]
Blankenberge läit op der Streck vum Kusttram, an huet 5 Tramhalten op där Streck. Doniewent assuréiert d'SNCB e Stonnentakt mat InterCityzich.
Am Summer ass Blankenberge ënnert der Woch den Terminus vun zwéin Zich vum InterCity J, Sonndes an op Feierdeeg fiert de Lëtzebuerg-Blankenberge-Express.
Kuckeswäertes[änneren]
- D'Kierch Sint-Antonius;
- D'Kierch Sint-Rochus;
- Dat fréiert Gemengenhaus am flämesche Renaissancestyl aus dem Joer 1680, dat eelst Gebai an der Gemeng;
- D'Digue mat de stengen Trapen no all Richtung;
- De Casino;
- D'Pier, déi 2003 no längere Renovatiounen erëm opgoung;
- D'Serpentarium, dat en Zoo mat nëmmen Reptiller ass;
- De Sea-Life Centre, wou een d'Ënnerwaasserfauna a -flora entdecke kann;
- De Liichttuerm vu Blankenberge;
- De Paravent am Hafen;
- De Centre Belle Époque mat Ausstellungsstécker aus der Belle Époque zu Blankenberge.
Bekannt Perséinlechkeete vu Blankenberge[änneren]
- Pieter Aspe, Schrëftsteller;
- Rudi Pillen, Kënschtler;
- Patrick Riguelle, Museker a Sänger.
Alveringem - Anzegem - Ardooie - Avelgem - Beernem - Blankenberge - Bredene - Brugge - Damme - De Haan - Deerlijk - Dentergem - De Panne - Diksmuide - Gistel - Harelbeke - Heuvelland - Hooglede - Houthulst - Ichtegem - Ieper - Ingelmunster - Izegem - Jabbeke - Knokke-Heist - Koekelare - Koksijde - Kortemark - Kortrijk - Kuurne - Langemark - Ledegem - Lendelede - Lichtervelde - Lo-Reninge - Menen - Mesen - Meulebeke - Middelkerke - Moorslede - Nieuwpoort - Oostkamp - Oostrozebeke - Oostende - Oudenburg - Pittem - Poelkapelle - Poperinge - Roeselare - Ruiselede - Staden - Spiere-Helkijn - Tielt - Torhout - Vleteren - Veurne - Waregem - Wervik - Wevelgem - Wielsbeke - Wingene - Zedelgem - Zonnebeke - Zuienkerke - Zwevegem
| Commons: Blankenberge – Biller, Videoen oder Audiodateien |