Blaxploitation

Vu Wikipedia

Blaxploitation ass en US-amerikanesche Filmgenre, dee seng Héichzäit an den 1970er-Joren hat. Den Numm ass e kënschtlecht Schachtelwuert aus black (en. schwaarz) an exploitation (en. ausnotzen), a bezeechent low-budget Filmer mat räissereschen explizite Sex- a Gewaltduerstellungen, déi aus der Siicht vun "Afroamerikaner" gedréit goufen.

Enn vun den 1960er-Joren huet sech ënner der schwaarzer Bevëlkerung vun den USA, als Folleg vun der Biergerrechtsbeweegung, en neit Selfstbewosstsinn entwéckelt. Dëst huet mat sech bruecht, datt och déi Schicht sech am Kino erëmerkenne wollt. Dat huet ë. a. vill Realisateure vun Exploitationsfilmer op de Plang geruff, déi déi nei Maartnisch besetze wollten. Si hunn hir kleng Gangsterfilmer mat Theemen iwwer eege sozial Befreiung besat a versicht déi affektiv Wierkung vun hirem Filmgenre iwwer d'Ofbildung vun der Realitéit an de Gettoe vun de Schwaarzen z'erreechen.

Dee wuel erfollegräichste Film aus där Zäit ass Shaft (1971).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Harry M. Benshoff: Blaxploitation Horror Films: Generic Reappropriation or Reinscription? In: Cinema Journal, Jg. 39, Nr. 2, Wanter, 2000, S. 31-50.
  • Darius H. James: That's blaxploitation! Roots of the baadasssss 'tude. St. Martin's Griffin, New York NY 1995.
  • Mikel J. Koven: Blaxploitation Films. Pocket Essentials, Harpenden 2001.
  • Alan McQueen, Martin McCabe: The Superfly Guide to Blaxploitation. Titan, London 1998.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]