Blazar
Blazaren (Neologismus aus „BL Lacertae“ a „Quasar“ munnechmol och Blasaren [1], sinn eng Ënnerklass vun den aktive galaktesche Käre mat ganz héijer Emissioun vu Stralenenergie resp. Deelercher am Verglach mat anere Galaxien. Weider Ënnerklasse si Radiogalaxien, Seyfertgalaxien a Quasaren.[2] Et gëtt ugeholl, datt sech d'Blazare vun aneren aktive galaktesche Kären duerch d'Observatiounsrichtung ënnerscheeden, déi bei de Blazare mat der Richtung vu relativisteschen Jets zesummefällt.
Bei Blazaren handelt et sech ëm héichenergetesch galaktesch Objeten, aus deenen hiren Zenteren bis zu 50 Prozent vun der ofgetruedener Stralung aus der Galaxis kënnt. Momentan gëllt d'Usiicht, datt déi ausgestraalten Energie vun der scheiwefërmeg ugeuerdneter Matière verflitt, déi e supermassiivt Schwaarzt Lach an der Kärzon transforméiert resp. am komplexe Prozess vun der Akkretioun an dem „Verschléngen“ aktivéiert. D'Energiestralung (Jetstral) steet senkrecht zu der Schicht vum Materiestroum. Bei de Blazare variéiert d'Emissioun vun der Stralungsenergie resp. den Deelercher vill méi staark a méi séier wéi bei Quasaren (banne Stonne bis Wochen). Si kommen eis vir wéi eng punktfërmeg Liichtquell, staark polariséiert a bal fräi vu Spektrallinnen. Déi éischt Beschreiwung vun dësen Objeten hat am Ufank vun den 1960er Joren de Benjamin Markarjan gemaach.