Bleichert
Bleichert GmbH war vun 1874 bis 1938 e bekannten däitschen Ingenieursbüro, a Konstruktiounsfirma.
D'Firma gouf 1874 vum Adolf Bleichert a sengem Frënd Theodor Otto gegrënnt, wéi di zwéin en Ingenieursbüro zu Schkeuditz bei Leipzig opgemaach hunn. Si hu kuerz duerno de Firmesëtz op Leipzig geplënnert.
1876 huet den Otto sech vum Bleichert getrennt, an huet zu Schkeuditz eng eege Firma gegrënnt. De Bleichert blouf zu Leipzig-Gohlis, a säi Betrib huet sech zu dem deemools gréisste Seelbunnskonstrukteur entwéckelt. Säin éischte groussen Opdrag war d'Konstruktioun vun enger Seelbunn fir d'Firma Alfred Krupp. Duerno huet d'Firma Bleichert bis 1890 iwwer 600 Seelbunne gebaut, dorënner déi vun der Minière Doihl op Rodange.
Eng vun de längste Seelbunnen déi d'Firma gebaut huet, war eng Seelbunn an Argentinien an dem Minièresgebitt ëm Famatina an der Provënz Argentinien mat enger Längt vu 34 km, fir Goldäerz ze transportéieren. Besonnesch un där Bunn war, datt déi ganz Streck mat hiren 9 Sektiounen zu Leipzig-Gohlis fabrizéiert gouf, virmontéiert, duerno afmontéiert, a vun Hamburg aus mam Schëff op Buenos Aires transportéiert gouf an duerno mam Zuch op Chilcito geliwwert gouf.[1]
Bis 1905 hat d'Firma Bleichert iwwer 1.500 Seelbunnen uechter d'Welt opgeriicht a bis an 30er Joren der iwwer 3.000.
De Betrib gouf 1932 (1937?)zougemaach wéinst Faillite, duerno hunn d'VTA an d'TAKRAF d'Sucsessioun fir d'Seelbunnen iwwerholl a bis 1992, um Terrain vun der Bleichert GmbH zu Leipzig-Gohlis weidergeschafft.
Nom Zweete Weltkrich gouf 1949 zu Nürnberg d'"Adolf Bleichert Förderanlagen Vertriebs-GmbH" gegrënnt, déi Fërderbänner hiergestallt huet, an 1955 Firma "Adolf Bleichert Förderanlagen GmbH".
1961 gëtt zu Osterburken d'Firma "BLEICHERT Förderanlagen GmbH" mat Sëtz zu Osterburken gegrënnt.
1972 gëtt den Hans-Ulrich Breymann Haaptaktionär vun der Firma, ënner deem sengem Impuls d'Firma Manipulateure fir Camionen entwéckelt, an 1978 de vertikale Palettentransportsystem Montamatic.
1990 plënnert d'Firma an en neien Technic-Center zu Osterburken, an datselwecht Joer gëtt zu Eisenhüttenstatt dBleichert Automation GmbH gegrënnt.
1992 gëtt d'Joint Venture déi 1988 mat enger nordamerikanescher Firma gemaach gi war op BLEICHERT, Inc. ëmgedeeft Sëtz zu Sterling Heights am Michigan, USA
2001 gëtt d'Rollebunn AL 30 fir den Transport fir schwéier Gidder entwéckelt.
2006 gëtt d´BLEICHERT Automation GmbH an d'BLEICHERT Förderanlagen GmbH, Osterburken integréiert.
2008 gëtt Stargate Automotive neien Haaptaktionär vun der BLEICHERT Förderanlagen GmbH.
E Konsortium vun der Firma Bleichert a Pohlig-Heckel huet ënner dem Numm PHB a PHB/Hall, tëscht 1955 an Enn der 80er Joren, Schilifter gebaut.
Duerch e Lizenzkontrakt mat dem Luis Zuegg koum et zur Entwécklung vum Bleichert-Zuegg-System, dat fir d'éischt 1923 beim Bau vun enger Seelbunn vun Hafling op Meran agesat gouf.
Bekannte Seelbunnen, Accesoiren a Konstruktiounen ënner Lizenz [änneren]
- Kabinne vun der Priedegtstullbunn, där eelster Seelbunn fir Persounentransport op der Welt.
- Buergbiergbunn zu Bad Harzburg
- Gondele vun der Seelbunn am Park City Mountain Resort
- Chilkoot Trail Seelbunnen
- Zockerhuttseelbunn am Carrabassett Valley, Maine, USA
- Raxseelbunn an Nidderéisträich
- Kreuzeckbunn bei Garmisch-Partenkirchen
- Bleichert-Zuegg-System
- Seelbunn vum Schneefernerhaus op d'Spëtz vun der Zugspëtz, 1930 - 1931 am Bleichert-Zuegg-System. Déi Seelbunn gouf 1992 ofgerappt.
- Seelbunn op de Pfänder
- Seelbunn um Ebensee
- Seelbunn um Trübsee
- Seelbunn op d'Schmittenhöhe
- Krossobanen an Norwegen
Quellen [änneren]
- Artikel op der en:Wiki Bleichert
- Willy Allamano, Die Drahtseilbahnen im Großherzogtum Luxemburg und in Lothringen
- Mat Referenz op Archiv Bleichert
- Geschicht vu Bleichert Förderanlagen
- Websäit mat der Biographie vum Bleichert.
- Artikel vum Peter von Bleichert iwwer Argentin'as Chilecito-La Mejicana Wire Ropeway
- Verschidden de:Wikisartikelen an deene vum Bleichert riets geet.
- ↑ Schmoll, Weltseilbahngeschichte, Bd. I op Säit 71