Blend (Fotoapparat)

Vu Wikipedia

Eng Blend ass d'Ëffnung vum Objektiv vun engem Fotoapparat oder enger Kamera déi verstallt ka ginn. Meeschtens ass et eng Irisblend déi iwwer e Blenderank verstallt gëtt. Duerch d'Gréisst vun der Blend gëtt méi oder manner Luucht duerch d'Objektiv gelooss. Déi Ëffnung gëtt duerch d'Blendenzuel bestëmmt an ass mat engem "f" bezeechent.

Blendenzuel[änneren | Quelltext änneren]

Eng kleng Blendenzuel steet fir eng grouss Ëffnung an ëmgedréint.

Blenderei[änneren | Quelltext änneren]

Gebräichlech Blenderei:

(grouss Blend) 1.4 - 2 - 2.8 - 4 - 5.6 - 8 - 11 - 16 - 22 - 32 (kleng Blend)

Gebrauch[änneren | Quelltext änneren]

Schäerftendéift a Bildschäerft[änneren | Quelltext änneren]

Duerch eng méi grouss Ëffnung kënnt méi Luucht op den Träger wéi duerch eng kleng. Ausserdeem ännert d'Blend och d'Déifteschäerft vun der Foto. Hei gëllt: Eng grouss Blend schaaft eng méi kleng Déifteschäert an eng kleng Blend schaaft eng méi grouss Déifteschäerft. Deemno ännert een d'Blend souwuel wann een d'Hellegkeet vun der Foto wëll bestëmmen, wéi och d'Déifteschäerft. Well awer d'Hellegkeet och a Funktioun mat der Beliichtungszäit oder Liichtempfindlechkeet ännert, soll ee prioritär d'Déifteschäerft bestëmmen an dann d'Blend nëmmen nach als Kompromëss änneren, wann een ënner Ëmstänn eng ze laang Beliichtungszäit wëll evitéieren, oder wann een un eng Grenz vun der Liichtstempfindlechkeet stéisst.

Optimal Blend[änneren | Quelltext änneren]

Och wann d'Blendenëffnung d'Déifteschäerft bestëmmt, bestëmmt se awer och gläichzäiteg och d'Bildschäerft. Eng grouss Blend huet zwar manner Déifteschäerft, mä och méi Bildschäerft. Et gëtt keng allgemeng optimal Blend, mä all Objektiv kann eng optimal Blend fir sech hunn. Dat hänkt vun der Liichtstäerkt a vun der Brennwäit of, déi meeschtens tëschent f/4 an f/8 läit. Et blent een an der Reegel 1-2 of (vun der gréisstméiglecher Blend) fir déi optimal Blend ze kréien.