Bloen Eck

Vu Wikipedia
Bloen Eck
De Café-Restaurant um Bloen Eck
Land Lëtzebuerg
Kanton Dikrech
Gemeng Ärenzdall
Buergermeeschter Bob Bintz
Koordinaten 49° 49’ 36.9’’ N
      6° 10’ 56.8’’ O

De Bloen Eck ass e Lieu-dit an e Café-Restaurant zu Steeën an der Ärenzdallgemeng, laanscht d'Nationalstrooss 14, op der Kräizung mam CR347 tëscht Miedernach an Dikrech.

D'Plaz krut hiren Numm wéinst der bloer Fassad vum Café-Restaurant deen ëm 1900 an engem Gebai op der Plaz ageriicht gouf.

Um Lieu-dit gouf 2014 de Foussballsterrain mam Numm Bloen Eck ageweit.[1]

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

De Bloen Eck läit op enger Héicht vun 320 Meter. E puer honnert Meter südwestlech dervun huet d'Tirelbaach hir Quell.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ëm 1900 huet eng Famill Blau dat fréiert Haus Burg op där Plaz kaaft fir do e Café anzeriichten. Bis Ugangs der 1980er[Wéini ?] ass den CR347 lénks laanscht der Entrée vum Gebai verlaf. D'Gebai louch deemno am Eck tëscht der Nationalstrooss 14 an dem CR347.

Spéider gouf aus dem Café e Restaurant, duerno eng Diskothéik a méi rezent nees e Café-Restaurant-Pizzeria.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Cadamuro, C., 2015. Vermächtnis der Familie Blau. Luxemburger Wort vum 13. Mäerz 2015, S. 29.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bloen Eck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Archive copy Archivéiert op 2015-02-24. Gekuckt de(n) 2015-04-06.
  2. LW vum 13. Mäerz 2015, S. 29.