Bloen Zwerg

Vu Wikipedia

Blo Zwerge sinn Haaptreiestäre vum Spektraltyp O. Déi meescht masseräich Stäre sinn an hirer Ufanksphas blo Zwergen.

Stäre vun dësem Typ hu gewéinlech eng Mass vu ronn 50 Sonnemassen. Hir Liichtkraaft ass 10.000-mol méi grouss wéi déi vun der Sonn. Wéinst der héijer Energie huet d'Stralung méi eng héich Frequenz an erschéngt als blot Liicht.

Well de relativen Undeel vu masseräiche Stäre kleng ass an hir Liewesdauer kuerz ass, well d'Fusiounsreaktioun am Kär vum Stär mat wuessender Mass méi séier ofleeft, gëtt et nëmme ganz wéineg Stäre vun där Zort: Nëmmen ee vun 10 Millioune Stären ass e bloen Zwerg.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie