Blummendall

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Blummendall
Am Blummendall
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Blumenthal
de: Blumenthal
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Gréiwemaacher
Gemeng Bech
Jonglënster
Buergermeeschter Jill Goeres
Bernard Ries (DP)
Awunner 67
  1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023
Koordinaten 49° 44’ 40’’ N
      06° 15’ 57’’ O

De Blummendall ass eng Uertschaft an de Gemenge Bech a Jonglënster.

Weekräiz

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

De Blummendall läit tëscht Grolënster a Reiland op der Nationalstrooss 14 op enger Héicht vun 281 Meter, um Zesummefloss vun der Heesterbaach an der Schwaarzer Iernz. D'Uertschaft läit op der Grenz vun zwou Gemengen an zwéi Kantonen:

Strooss Haus-Nr Gemeng Kanton
Dikkrecherstrooss 1 – 5 an 2 – 12 Bech Iechternach
Haupeschbierg 1, 8 an 10
Route de Diekirch 30 – 36 Jonglënster Gréiwemaacher
Rue de la Forêt 1
Am Haupeschbierg 3 – 5
Jeanharis

d'Gemengen- a Kantonsgrenz leeft duerch d'Haus
An der nationaler Datebank vun den Adressen als Jeanharis oder Jeanharishaff agedroen; op der Plaz als Rue Jean Haris gezeechent

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Uertschaft Blummendall ass eréischt am spéiden 18. Joerhonnert entstanen, op der Ferraris-Kaart ass se nach net agezeechent. Se schéngt ëm 1820 um alen Iechternacher Wee entstanen ze sinn a bestoung sengerzäit aus e puer Haiser vun Doléiner, déi gréisstendeels op groussen Häff ronderëm geschafft hunn[1].

Et konnt awer nogewise ginn, datt e Flouer an der Ëmgéigend schonn an der Alsteenzäit besidelt.

Net wäit vum Blummendall ewech goufen 1935 déi stierflech Iwwerreschter vum “eelste Lëtzebuerger Mann” entdeckt.

Ursprong vum Numm[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm vun der Uertschaft huet näischt mat Blummen ze dinn, mä d'Historiker huelen un, datt e sech op de keltesche Gott vun der Sonn „Bel“, och „Belaun“ genannt, oder awer op d'Gëttin „Belisama“, d'keltesch Gëttin vun der Juegd, bezitt.[2][1]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Blummendall – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Blummendall — Kierchtuermspromenaden. www.tessyglodt.lu. Gekuckt de(n) 2024-02-09.
  2. Die Kultur- und Natur-Rundwanderwege der Gemeinde Junglinster; S. 40 op der Websäit vun artlenster.lu