Bobbejaan Schoepen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Bobbejaan 1943

De Modest Schoepen, besser bekannt ënner senge Kënschtlerpseudonymer Bobbejaan, Bobby Jaan oder Bobbejaan Schoepen, gebuer de 16. Mee 1925 zu Boom (Belsch) a gestuerwen de 17. Mee 2010 zu Turnhout[1]) war e belsche Sänger, Gittarist, Komponist, Entertainer a Grënner vun engem Fräizäitpark (Bobbejaanland).

Hie war ee vun den éischte Sänger vu Country-Musek an Europa a war och bekannt als Konschtpäifer. Seng éischt Plack war De jodelende fluiter (1948), mam Django Reinhardt a sengem Orchester. Hien hat e Repertoire vun enger 600 Titelen aus ënnerschiddleche Stiler wéi Klengkonscht, Film-Soundtracker, Chansons, a Volleksmusek. Een dovun, Ich hab Ehrfurcht vor schneeweißen Haaren, gouf 1963 vum Camillo Felgen bekannt gemaach. Am Laf vu senger Carrière huet hie 25-mol eng Gëlle Schallplack kritt.

Tëscht 1950 an 1967 huet hien a fënnef Fimer matgespillt. Hien hat och eng eege Show an engem Zirkuszelt.

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Oh! It's So Good to Be Home, 1950
  • O sole mio, 1960
  • Davon träumen alle Mädchen, 1961
  • At the Drop of a Head, 1962

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bobbejaan Schoepen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Bobbejaan Schoepen (85) overleden, De Morgen, 17. Mai 2010