Bodega

Vu Wikipedia
Eng Bodega zu Jerez

Eng Bodega ass a Spuenien eng Wäikellerei, wou ee Wäin ze kafe kritt an erkläert kritt, wéi de Wäin, de Sherry oder de Brandy hiergestallt gëtt.

D'Bodegae ginn no enger strenger Reegel gebaut. Dës soll verhënneren, datt ze vill Sonneluucht erakënnt an datt déi relativ Loftfiichtegkeet héich genuch ass. De Buedem vun enger Bodega besteet aus "tierra de albero" a gëtt am Summer zweemol am Dag genetzt fir d'Loftfiichtegkeet vu 70 % ze garantéieren. D'Mauere si 60 Zentimeter déck an no der traditioneller "Canto-Method" gebaut.

A Spuenie fënnt een och dacks Bodegaen déi enger Bar gläichen a wou een nieft dem Wäin och Klengegkeeten z'iesse kritt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bodega – Biller, Videoen oder Audiodateien