Bodrum
| Dëse Geographiesartikel zu der Tierkei ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Bodrum ass een tierkeschen Hafen am Golf vu Gokova vis-à-vis vun der griichescher Insel Kos. Bodrum läit an Anatolien, an engem Deel vu Klengasien dee fréier als Karien bekannt war.
An der Antikitéit huet Bodrum Halikarnassos geheescht.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Halikarnassos ![]()
Hautdesdaags ass Bodrum virun allem bei Touriste ganz beléift.
Inhaltsverzeechnes |
Kuckeswäertes [änneren]
Mausoleum [änneren]
Zu Bodrum stoung de Mausoleum deen zu de Siwe Weltwonner gezielt gëtt. Et handelt sech hei ëm dat monumentaalt Graf vum Kinnek Mausolus. De Mausolus war e persesche Satrapp (eng Art Gouverneur) a Kinnek vu Caria a Klengasien (376-353 v. Christus). Hie war relativ onofhängeg an hat sech zwar géint den Artaxerxes II revoltéiert, mä huet duerno mat de Perser gemeinsam Sach gemaach. Dat huet him erlaabt, seng Pouvoire bis op Rhodos ze vergréisseren. De Mausoleum gouf vu senger Schwëster, der Artemisia, déi gläichzäiteg seng Fra war, nom Doud vum Mausolus opgeriicht, an zwar opgrond vun sengen eegene Pläng.
De Mausoleum war eng véiereckeg Constructioun mat enger Héicht vu 45 m. Bannendra war eng Grafkummer. Vum Mausoleum sinn allerdengs nëmme méi d'Fëllementer iwwereg. D'Steng vun der Constructioun sinn am 15. Joerhonnert fir aner Zwecker gebraucht ginn, an zwar fir den Ausbau vum Schlass St. Pierre.
Buerg St. Pierre [änneren]
Buerginsel [änneren]
Blue Cruise [änneren]
Zougang a Verkéier [änneren]
Literatur [änneren]
Bodream ou rêve de Bodrum, Jean-Pierre Thiollet, Anagramme Editions, 2010, (ISBN 2-35035-279-4)
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- Bodrum : THE COMPLETE GUIDE FOR BODRUM
- Bodrum Guide, loads of information about bodrum, Turkey
- Offiziell Säit vu der Stad Bodrum
- Websäit iwwer de Mausoleum
| Commons: Bodrum – Biller, Videoen oder Audiodateien |