Boeing

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Boeing B7377-700

Boeing (The Boeing Company) ass ee vun de weltwäit gréissten Hiersteller vun zivilen a militäresche Fligeren an Helikopteren, genee wéi vu Militär- a Weltraumtechnik.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Schonn am Joer 1915 huet den Ingenieur William Edward Boeing, Jong vum däitschen Auswanderer Wilhelm Böing, zu Seattle am US-Bundesstaat Washington, d'Aarbecht un der éischter “B&W”, zesumme mat sengem Kolleg George Conrad Westervelt ugefaangen. Wéi dësen d'Mataarbecht um Projet opginn huet, huet de Boeing déi éischt zwou “B&W” ouni seng Hëllef fäerdeg gestallt. D'Grënnung vun der Firma war 1916 ënner dem Numm Pacific Aero Products Company. Schonn ee Joer méi spéit 1917 gouf d'Entreprise an Boeing Aeroplane Company ëmbenannt. De William Boeing huet un der Yale University studéiert an uschléissend fir d'éischt an der Holzveraarbechtungsindustrie geschafft, wou e Kenntnisser iwwer Holzstrukture krut, déi him fir seng spéider Carrière am Fligerbau nëtzlech waren. 1934 war seng Firma scho ganz grouss ginn. Wéinst der Gesetzgebung no der Depressioun, no där sech déi grouss Entreprisen a méi kleng Eenheeten hu missen opdeelen, ass de William Boeing ganz aus dem Betrib ausgescheet.

An de béide Weltkricher huet sech de Fligerbauer zu engem vun deene gréissten Hiersteller vu Notzfligeren, Bomberen, a Militäresche Kampf- an Iwwerwaachungsfligeren entwéckelt. 1997 huet Boeing d'Fligerbauer McDonnell Douglas, deen an der Tëschenzäit och vill Passagéierfligeren gebaut huet a sech genee sou am Beräich vun der Raumfaart (Spaceshuttle-Technologie an Satellittebau) zu enger Weltentreprise entwéckelt hat, an d'Aerospace Units vu Rockwell International (Boeing North American) iwwerholl.

Am Mäerz 2001 huet Boeing bekannt ginn, säi Firmesëtz zu Seattle opzeginn a sech en anere Standuert erauszesichen. Am Gespréich waren ënner anerem Chicago, Denver oder Dallas, woubäi se sech schlussendlech fir Chicago entscheet hunn. D'Produktioun vu Fligeren ass dobäi awer net beaflosst ginn.

Kris[änneren | Quelltext änneren]

An de leschte Joren huet de Konzern e puer Réckschléi missen hinhuelen. Duerch d'Kris am Loftverkéier an d'Terror-Attacke vum 11. September 2001 an den USA, wollt keng Fluchgesellschaft, den zwar schnellen, mä relativ onwirtschaftleche Sonic Cruiser bestellen. De Konkurrent Airbus huet doriwwer eraus awer ëmmer méi u Maartundeel gewonnen. Dobäi koum dunn och, datt de Konzern e groussen Optrag u Lockheed Martin verluer huet. De vu Boeing entwéckelten Militärfliger X-32 gouf vun der US Air Force net ugeholl. Ausserdeem huet d'NASA der Boeing Schlamperei wéinst dem Columbia-Ongléck virgeworf.

Air France Boeing 747-400 F-GITI um CDG Terminal 2A zu Paräis

Boeing huet am Geschäftsjoer 2002 en Emsaatz vun 54,069 Milliarden US-Dollar bei engem Gewënn vun 492 Milliounen Dollar verbucht. 2002 huet Boeing 381 Fligere produzéiert, läit domat awer net méi virun Airbus. Weltwäit beschäftegt Boeing ronn 160.000 Mataarbechter a méi wéi 70 Länner.

2003 huet d'Entreprise bekannt ginn, d'757-Produktioun Enn 2004 anzestellen – zanter den Terrorattacken 2001 goufe nëmmen 9 Fligeren vun dëser Zort bestallt. D'767, déi am transatlantesche Loftverkéier an de leschten 20 Joer dominéiert huet, huet och keng Nofro méi.

Mat der 787, dem sougenannten “Dreamliner”, versicht Boeing um Maart, mat enger 250-Sëtzer-Maschinn erëm Fouss ze faassen.

2005 huet Boeing och bekannt ginn, de Modell 717 bis Enn 2006 aus der Produktioun ze huelen, als Grond gëtt erëm d'mangelnd Nofro uginn.

Passagéierfligeren haut[änneren | Quelltext änneren]

  • Boeing 717 (entwéckelt vu McDonnell Douglas als MD-95; Produktiounsenn 2006)
  • Boeing 737 NG -600x, -700x, -800x, -900x (Kuerzbezeechnungen: 736, 737, 738, 739)
  • Boeing 747 („Jumbo-Jet“) -400, -400ER, -400F, -400ERF (Kuerzbezeechnung: 744)
  • Boeing 767 -200, -300ER, -400ER (Kuerzbezeechnungen: 762, 763, 764)
  • Boeing 777 -200ER, -300, -300ER, -200LR (Wordliner) (Kuerzbezeechnungen: 772, 773)
  • Boeing BBJ -BBJ, -BBJ 2, -BBJ 3

Geplangt Zivilfligeren[änneren | Quelltext änneren]

  • Boeing 7J7 (Enn 80er, geplangte 727-Noofolger, Projet agestallt)
  • Boeing Sonic Cruiser (Mëtt 90er geplangte Fliger, sollt knapps ënner der Schallgrenz fléien, Projet agestallt)
  • Boeing 787 -3, -8, -9 („Dreamliner“; Bestellungen bis März 2006: 386)
  • Boeing 747-8 (moderniséiert a gestreckte Versioun vun der 747-400)
  • Boeing 777 -200F (Cargo-Versioun “Fracht”)

Auslafmodeller vu Passagéierfligeren[änneren | Quelltext änneren]

Militäresch Fligeren[änneren | Quelltext änneren]

Nieft Waffesystemer, Rakéiten, Helikopteren, (ë. a. AH-64 Apache, RAH-66 Comanche), Iwwerwaachungs- a Schoulfligere produzéiert Boeing och nach Kampffligeren, Juegdfligeren, Bomberen an Tank- an Transportfligeren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Boeing – Biller, Videoen oder Audiodateien