Bofrost

Vu Wikipedia
De Bofrost-Logo op engem Camion

Bofrost ass dee gréissten Direktverkeefer vun déifgekilltem Kascht a Glace weltwäit.

D'Firma gouf 1966 zu Issum vum Josef H. Boquoi gegrënnt, an den haitege Sëtz ass zu Straelen am Bundesland Nordrhein-Westfalen un der hollännescher Granz bei Venlo.

Bofrost huet an 11 europäesche Länner eng ronn 240 Filialen, beliwwert an Europa iwwer véier Millioune Stéit, beschäftegt eppes iwwer 9.400 Leit, an huet iwwer 5.000 Camione fueren.

Am Joer 2005 hat Bofrost en Ëmsaz vun 1,11 Milliarden Euro.

Zu Lëtzebuerg beliwweren 30 Liwwerween vu Féiz aus ronn 23.000 Clienten. Lëtzebuerg ass dat europäescht Land wou an der Moyenne déi héchst Bestellunge pro Client gemaach ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]