Boller and Chivens

Vu Wikipedia
D'Baker-Nunn-Kamera
De Ruth Crisp Teleskop am Carter Observatoire

Boller and Chivens war en amerikanesche Fabrikant vun héichwäertegen Teleskopen. De Sëtz vun der Firma war zu South Pasadena a Kalifornien.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Firma gouf 1946 vum Harry Berthold Boller (1915-1997) a Clyde Cuthbertson Chivens (1915-2008) gegrënnt. 1965 gouf se vu PerkinElmer iwwerholl.

An den 1950er Joren huet Boller and Chivens mat PerkinElmer bei der Entwécklung vu Baker-Nunn-Kameraen zesummegeschafft, déi fir d'Observatioun vun de Satelitte vum Vanguard-Programm geduecht waren.

Teleskope vu Boller and Chivens uechter d'Welt[änneren | Quelltext änneren]

En 41-cm (16-Zoll) Cassegrainreflekter vu Boller and Chivens deen am Ufank am Oak-Ridge-Observatoire am Massachusetts war, steet elo an der National Mall zu Washington wou e fir d'Ëffentlechkeet op ass.

Anerer stinn am Carter Observatoire zu Wellington an Neiséiland an am Wise Observatoire an Israel.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]