Bologna Football Club 1909
| Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| FC Bologna | ||||
| Offiziellen Numm: | Bologna Football Club 1909 | |||
| Spëtznumm: | Felsinei, Rossoblù | |||
|---|---|---|---|---|
| Veräinsfaarwen: | Rout-Blo | |||
| Grënnung: | 1909 | |||
| Stadion: | Stadio Renato Dall'Ara, Bologna | |||
| Plazen: | 39 444 | |||
| President: | Albano Guaraldi | |||
| Trainer: | Stefano Pioli | |||
| Liga: | Serie A | |||
| 2010/11: | 16. | |||
|
|
||||
Den FC Bologna (offiziell Bologna Football Club 1909) ass en italienesche Foussballclub vu Bologna, deen am Joer 1909 gegrënnt gouf. De Bologna spillt am Moment (Saison 2011/12) an der éischter italienescher Liga, der Serie A.
Mat 7 nationale Meeschterschaftstitelen, als zweemolege Coupe-Gewënner, eemolegen Intertoto-Gewënner an als dräimolege Gewënner vum Mitropa Cup (Virreider vun der UEFA Champions League), ass de Bologna eng vun de Veräinsequippe mat deem meeschte Succès vun Italien.
De Veräi spillt seng Heemspiller am Stadio Renato Dall'Ara.
Geschicht [änneren]
Virum Zweete Weltkrich war de Bologna déi Equipe mat deem meeschte Succès vun Italien a vu ganz Europa. Ënnert der Leedung vum President Renato Dall'Ara (him zu Éieren ass och de Stadion benannt) war de Bologna als "lo squadrone che tremar il mondo fa" ("d'Equipp déi d'Welt zum ziddren bréngt") an den 30er a 40er Jore bekannt. Deemols gouf de Bologna vum ungareschen Trainer Árpád Weisz, an duerno vum legendären éisträicheschen Trainer Hermann Felsner, trainéiert. Tëschent 1936 an 1941 huet de Bologna 4 mol d'Meeschterschaft gewonnen. International hat d'Equipe och vill Succès: eemol den Trophee vun der Weltausstellung zu Paräis 1937 (an der Final gouf den Chelsea F.C. 4-1 geklappt) an zweemol de Mitropa Cup (1934, 1961). Nom Doud vum Dall'Ara (1964) hat de Bologna net deen Erfolleg. Just een Intertoto-Pokal 1998, an zweemol d'Coupe an de 70er Joren. Zwëschenzäitlech ass de Bologna méimols och an d'Serie B ofgestigen.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Bologna FC – Biller, Videoen oder Audiodateien |