Bombardement vu Rotterdam

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
History template.gif Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Rotterdam nom Bombardement

Wéi d'Wehrmacht den 10. Mee 1940 Holland ugegraff huet, ass net alles esou ofgelaf wéi den däitschen ieweschte Kommando (OKW) sech dat virgestallt hat. Trotz groussen Efolleger, wéi d'Besetzung vu Rotterdam, an den Duerchbroch op der Verdeedegungslinn Peel-Raam, war d'Haaptfrontlinn nach net gebrach. Fir d'Hollänner séier an d'Knéien ze kréien, huet de Göring net gezéckt fir déi hollännesch Stied ze bombardéieren.

Besonnesch Rotterdam gouf de 14. Mee 1940 duerch dat däitscht Bombardement an déi doduerch ausgeléiste Bränn schwéier beschiedegt. 800 Mënschen sinn ëmkomm, an 80.000 Rotterdammer hate keen Daach méi iwwert dem Kapp. Haaptsächlech Stuka-Fliger sinn dobäi zum Asaz komm. Am Stadberäich gouf eng décktbebaute Fläch vun 260 Hektar dem Erdbuedem gläichgemaach: 25.000 Wunnengen, 70 Schoulen, 2.400 Geschäfter an 2.000 Büroe sinn dobäi an e Koup gebombt ginn. D'Stadhaus, d'Post, d'Bourse an d'Laurentiuskierch goufen uerg matgeholl, konnten iewer erhale bleiwen. Kuerz, dat aalt Rotterdam ass dobäi verschwonn an huet missen nei opgebaut ginn. Deen Ugrëff vun der däitscher Luftwaffe ass bei der Rotterdammer Bevëlkerung a batterer Erënnerung bliwwen.

De véierten Dag no der Invasioun, an no de Bombardementer vu Rotterdam an Utrecht huet den hollännesche Generol Winkelman den Uerder fir de Feierstopp ginn an den Dag duerno de 15. Mee um Véirel vir Zwielef war d'Kapitulatioun definitiv. Se gouf an der Schoul zu Rijsoord ënnerschriwwen. Zeeland war awer net vun der Kapitulatioun betraff an op den Inselen am Weste vun Holland gouf nach en etlech Deeg gekämpft, an eréischt no engem Bombardement vu Middelburg huet och d'Westprovënz kapituléiert.