Bommenteppech (Roman)

Vu Wikipedia

Bommenteppech vum Josy Braun ass e Schlësselroman iwwer d'Bommenuschléi, déi vun 1984 bis 1986 Lëtzebuerg an Otem gehalen haten.

Ëm wat geet et?[änneren | Quelltext änneren]

Hierscht 1984: Op der Éisleker "Scheedhéicht" flitt e Juegdchalet an d'Luucht. Geschwënn duerno gëtt en Hobby-Detektiv aus der "Résidence Lorblumm" vermësst. Wat d'Land nach net weess: Et ass den Optakt fir eng Serie vu Sprengstoff-Uschléi, an am Ufank gesäit et sou aus, wéi wann déi dichtegst Institutioun vun der nationaler Ekonomie soll getraff ginn: "d'Cancoillottes Ardennaises". No an no si sech Regierung, Chamber, Justiz, Sûreté a Service de renseignement awer net méi sou sécher.

Do gëtt et net nëmmen Abréch a Polverdepoten a lénks a riets Explosiounen, do gëtt et iwwerdeems Iwwerfäll op Geldinstituter, do gëtt an Enveloppen an a Wallissen enorm vill Léisegeld transportéiert, dat ni ukënnt, do platzen niewebäi de Poopst an d'Gëlle Fra an den Troublement, do gëtt et verstoppt a manner verstoppt Hiwäiser, an op eemol gëtt och en Numm ronderëm gereecht.

Den Auteur Josy Braun

De Kommissär Marius Gallo schreift e Rapport a kritt der op d'Pouten. Hie kniwwelt laang un engem zweete Rapport a bréngt en och un de Mann... laanscht den hierarcheschen Déngschtwee. D'Ländche verschwënnt ënner engem Bommenteppech, an ënner dem Teppech verschwannen d'Bommen.

Am Ufank vum Buch heescht et, d'Geschicht an och d'Persounen, déi dra virkommen, wiere fräi erfonnt. Hätt een awer d'Impressioun, verschidden Evenementer aus dem leschte Joerhonnert géifen deenen am Roman gläichen, da kéint dat nëmmen un der Fantasie vun dësem oder deem Lieser leien, deen d'Gras wuessen an d'Fléi néitschen héiert. Mä dat wier jo net verbueden an och kemgem ze verdenken.

Wat soten d'Medien?[änneren | Quelltext änneren]

  • "Eng Virwëtztut, wéi gemaach fir eng Satir....": Enner dësem Titel schreift d'Josiane Kartheiser an der Literaturbäilag Livres vum Tageblatt (19.11.2004)
    • Déi Welt, déi mer am "Bommentepech" entdecken, ass e Melange vu Kompetenz - Beispill, déi erfollegräich kriminell Energie vun där enger Säit an dat typescht Lëtzebuerger Talent, fir alles ze vertuschen an ënner den Teppech ze kiere vun där anerer - a vu folkloristescher Kumpelhaftegkeet...... am Fong si mer ganz no un der Lëtzebuerger Realitéit.
  • "Der Käse kocht" An der Woxx vum 24.09.2004 schreift d'Claudine Muno
    • Aber allein die Tatsache, dass der über 300 Seiten lange Schmöker seine LeserInnen [sic] zwischen zahllosen Haupt- und Nebenfiguren, verschiedenen Zeitebenen und Verschwörungstheorien zielsicher leitet, ist schon ein Kunststück an sich. - Bleibt nun abzuwarten, ob das Thema "Bombenleger" eine Renaissance erlebt, oder ob das Gras, das mittlerweile über die Affäre gewachsen ist, ungestört weiterwuchert.
  • "Le retour du poseur de bombes" ass d'Kritik iwwerschriwwen, déi d'Lotti Stemper fir de Quotidien vum 17. November 2004 geschriwwen huet.
    • ... l'auteur luxembourgeois s'adonne à nouveau à sa passion d'investigateur. Le lecteur éprouvera tout au long du roman des déjà-vus, des personnages qui lui rappellent quelqu'un. Avec charme et fantaisie, Josy Braun a inventé des personnages et a crée [sic] des lieux tout en pensant à des indices bien précis. Un chef d'oeuvre de polar...... c'est la découverte d'une histoire haletante qui fourmille de détails d'une rare subtilité.

Wat ass den Hannergrond?[änneren | Quelltext änneren]

Den Hannergrond ass d'Affär vum Bommeleeër, déi an den 80er Jore fir vill Opreegung zu Lëtzebuerg gesuergt hat, a bis haut net opgekläert ass.

Bibliographesches[änneren | Quelltext änneren]