Bon Scott

Vu Wikipedia
Bon Scott
Gebuertsnumm Ronald Belford Scott
Gebuer 9. Juli 1946
Gestuerwen 19. Februar 1980
Doudesursaach Erdrénken
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, Australien
Aktivitéit Liddermécher, Sänger
Member vun AC/DC

De Ronald Belford Scott, besser bekannt als Bon Scott, gebuer den 9. Juli 1946 zu Kirriemuir a Schottland a gestuerwen den 19. Februar 1980 zu London, war Sänger a Frontmann vun der australescher Hardrock-Band AC/DC.

Hie gouf a Schottland gebuer, wou hien a seng Famill gelieft hunn, bis se 1952 an Australien ausgewandert sinn. Hien ass scho mat 15 Joer vun der Schoul gaangen an huet sech mat verschiddenen Aarbechten iwwer Waasser gehalen. Säin éischt kënschtlerescht Engagement hat hie mat der Band "The Spectators", wou hie gesongen an och Perkussioun gespillt huet. De gréissten Erfolleg hat hie mat der australescher Rockband AC/DC. De Young-Bridder no war hien déi Persoun, déi d'Band zu engem Ganze geformt huet, déi verschidde Solo-Kënschtler zesummebruecht huet.

Seng Virléift fir séier Autoe war geneesou legendär wéi seng Alkohol-Exzesser. Sou huet hien et spilles fäerdeg bruecht, zwou Fläsche Bourbon ze drénken, sech du mat Speed, Haschich a Kokain "zouzedröhnen", an dann nach mat dem Saz "Okay, I'm ready!" eng phenomeenal Show ofzeliwweren.

Den iwwerméissege Konsum gouf him schlussendlech awer zum Verhängnes. No enger duerchsoffener Nuecht gouf hien, zu Camden Town (London), dout a sengem Auto, virum Appartement vu sengem Frënd Allistear Kinnear, opfonnt. Hien ass u sengem Erbrachenem erstéckt. Nëmme sechs Deeg viru sengem Doud hat hie seng lescht Opnam mat "The Trust", wou si den AC/DC-Klassiker Ride On (fräi iwwersat: "weidermaachen") gespillt hunn. De Bon Scott gouf um Fremantle Cemetery's Memorial Garden an Australien begruewen.