Bonne note

Vu Wikipedia
Bonne-notën

Eng Bonne note ass an der Schoulpedagogik eng Käertchen, déi als Belounung geduecht ass, an déi de Schüler soll motivéiere méi oder besser ze léieren. Meeschtens mussen d'Kanner eng gewëssen Zuel dovun hunn, fir dann eng "richteg" Belounung ze kréien.

Bonne-notë sinn an de lëtzebuergesche Spill- a Primärschoule bis haut vereenzelt ze fannen. Besonnesch de Reliounsunterrecht huet mat Bonne-notë geschafft, fir d'Kanner ze belounen.

Hautdesdaags gëtt den Ausdrock meeschtens ironesch gebraucht.