Bonus Malus (Assurance)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Bonus Malus am Assurancewiesen. Fir aner Bedeitunge, kuckt wgl. Bonus Malus.

De Bonus Malus System ass e System bei den Autosassurancen, no deem d'Primm déi ee muss bezuelen, variéiert, jee nodeem, ob een am Laf vun de Joren Accidenter hat a oder keng.

All Assuréierte kritt bei Ofschloss vun enger Assurance fir en Auto e Punktwäert, dee sech mat der Zäit ännert. De Grondpunktwäert läit beim Grad 11, d. h. datt een 100 % vun der Standardprimm bezillt. All Zweet- an Drëttauto etc. gëtt als neie Kontrakt gesinn, deen uganks bei 11 Grad steet, egal wou dem Éischtauto säi Punktwäert am Ament vun der Gefierparkerweiderung läit.

Wann et zu engem Accident kënnt un deem ee Schold dréit, da klëmmt een ëm 3 Grad an d'Primm gëtt méi deier. De Maximum läit bei 22 Grad an d'Primm ass da bei 250 % ukomm.

All Joer wou ee keen Accident verursaacht huet bei deem Drëtter zu Schued koume fält een dogéint ëm 1 Grad, et kritt een also e Bonus an et muss ee manner Primm bezuelen. Jee no Gesellschaft kann ee bis op de Grad 0 oder souguer -3 erofgoen, an dann nach just 47,5 % respektiv 45 % vun der Standardprimm bezuelen. Wee bei iwwer 15 Grad gelant ass an duerno 4 Joer ouni Accident fiert, dee fält méi séier, an zwar direkt nees ganz zeréck op de Grondpunktwäert vun 11 Grad.

En Transfert oder Verierwe vum Bonus oder och vum Malus tëscht Familljemembere war zanter Juli 2011 net méi méiglech[1]. Déi Bestëmmung gouf am Januar 2012 annuléiert[2].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Neies beim Bonus/Malus-System, Tageblatt Online, 1. Juli 2011
  2. http://www.lessentiel.lu/fr/news/dossier/newsletter/story/18158242