Bor

Vu Wikipedia
Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eegenschaften
Beryllium - Bor - Kuelestoff
 
B
Al  
 
 
[He]2s22p1
11
5
B

Bor (Symbol B) ass e cheemescht Element mat der Uerdnungszuel 5 am Periodesystem vun den Elementer.

Seng relativ Atommass ass 10,811. Bor mécht geschaten 0.001 % vun der Äerdkuuscht aus. Bor tendéiert dozu fir z'oxydéieren an ze hydrolyséieren, wat vill vu senge Komponenten onstabil mécht.

Bor ka mam Isotop 11B och an der MNR Spektroskopie benotzt ginn. Bor huet 3 Valenzelektronen, seng genee Elektronekonfiguratioun ass 1s2, 2s2, 2p1.

De Kovalenteradius ass 0.88Å an d'Elektronegativitéit laut Pauling ass 2,0.

Dacks gëtt zu Recht drophigewisen, datt Bor eng Elektronelück huet.

Bor ass schwaarz an huet ee metallescht Ausgesinn. De Joseph Louis Gay-Lussac an de Louis Jacques Thénard an de Sir Humphry Davy hu Bor 1808 onofhängeg vunenaner preparéiert (Ann. Chim. Physic. [1] 68,169 1808).

Besser ass d'Derivat Borax bekannt gewiescht, wat bei den Araber Tinkal genannt gouf a bei Schmëlzungsprozesse säi Gebrauch am 16. Joerhonnert fonnt huet. Bor fënnt een als Bestanddeel vu Mineralen a villen Deeler vun der Welt (Toskana, Chile, USA, Bolivien, Peru, Argentinien, Tierkei, Tibet an an Däitschland).

Am Joer 1926 gouf vum däitsche Cheemiker Alfred Stock als éischt Borazin (-BH-NH-)3 endeckt a studéiert, wat an d'Chimiegeschicht als "Inorganesche Benzene" agaangen ass. Dëst Evenement kann een als Grondstee vun der Bor-Stéckstoff Chimie betruechten.

Amorpht Bor

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bor – Biller, Videoen oder Audiodateien