Bordeaux - Paris
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Bordeaux - Paris ass eng franséisch Vëloscourse déi 1891 fir d'éischt gefuer ginn ass an am Ganze sechsanuechtzegmol ausgedroe gouf, fir d'lescht 1988. D'Course ass iwwer 600 km gaang a war zimlech eenzegarteg well an der leschter Parti vun der Course sinn d'Coureuren hannert engem Derny gefuer. D'Reglement vun der Course ass allerdéngs e puermol changéiert an ugepasst ginn.