Boris Jefimowitsch Nemzow

Vu Wikipedia
Boris Jefimowitsch Nemzow
Gebuer 9. Oktober 1959
Sotschi
Gestuerwen 27. Februar 2015
Moskau
Doudesursaach Schosswonn
Nationalitéit Sowjetunioun, Russland
Aktivitéit Politiker, Physiker, Staatsmann, Deputéierten an der Duma
Partei Partei vun der Volleksfräiheet
Member vun Russeschen Oppositiouns-Koordinatiounsrot

De Boris Jefimowitsch Nemzow (ru.: Борис Ефимович Немцов), gebuer den 9. Oktober 1959 zu Sotschi a gestuerwen de 27. Februar 2015 zu Moskau, war e russesche Politiker. Hie war laang ee vun den Haaptleit vun der liberaler Partei Unioun vun de Rietse Kräften. 1991 bis 1997 war hie Gouverneur vum Oblast Nijni Nowgorod.

Ënner dem President Boris Jelzin war den Nemzow tëscht 1997 an 1998 Vizeministerpresident vun der Russescher Federatioun (an zousätzlech Energieminister) an huet als ee vun den Architekte vun de maartwirtschaftleche Wirtschaftsreformen a sengem Land gegollt. Am August 1998 ass hien aus der Regierung ausgetrueden. Hie war ee vun de méiglechen Nofollger vum Jelzin, dësen huet sech awer fir de Wladimir Putin decidéiert.

Den Nemzow huet de Putin am Ufank ënnerstëtzt, gouf awer méi spéit säi Kontrahent. Als Fraktiounspresident vun der Unioun vun de rietse Kräfte war hien e wichtege Kritiker vun der Regierung. Bei de Presidentewalen 2008 gouf hie vu senger Partei als Kandidat opgesat, huet sech awer virun der Wal zeréckgezunn. 2008 huet hie mat aneren Oppositionellen d'Beweegung Solidarnost gegrënnt. 2010 huet hie mat aneren e Manifest mam Titel De Putin muss trëppelen erausbruecht, an en huet ë. a. e kritesche Bilan iwwer zéng Joer Herrschaft vum Putin publizéiert[1]. Hie war ee vun de Porte-parolë bei de Protester géint d'Erëmwal vum Putin als President, 2012. Viru sengem Doud huet hien déi russesch Politik am Ukrain-Krich schaarf kritiséiert.

De 27. Februar 2015 gouf hien am Zentrum vu Moskau op oppener Strooss erschoss.[2]

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Boris Nemzow: Aus der Provinz in den Kreml. Harnisch, Nürnberg 1997, ISBN 3-9804167-8-X, Rezension
  • Boris Nemzow, Wladimir Kara-Mursa: Über die Gefahr des Putinismus, Brief an die Unterstützer Präsident Putins (Об угрозе путинизма, Письмо сторонникам президента Путина). Nesawissimaja Gaseta (Независимая газета), 21. Januar 2004, Onlinetext (russ.)
  • Boris Nemzow: Die Beichte eines Rebellen (Борис Немцов, Исповедь бунтаря). Moskau 2007, ISBN 978-5-91114-004-5 (russ.)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Boris Jefimowitsch Nemzow – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Putin: What 10 Years of Putin Have Brought. An independent expert report by Vladimir Milov and Boris Nemtsov. Unofficial translation by Dave Essel. Iwwersetzung vun: Путин. Итоги
  2. "Mord an Putin-Gegner Nemzow: 'Der Krieg ist zu uns gekommen'." spiegel.de, 2015-02-28