Borut Pahor

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Borut Pahor

De Borut Pahor, gebuer den 2. November 1963 zu Postojna, ass e slowenesche Politiker.

Hie war vum November 2009 bis den 10. Februar 2012 Ministerpresident vu Slowenien. Zanter dem 2. Dezember 2012 ass hie Staatspresident vum Land.

De Pahor huet op der Universitéit vu Ljubljana Politologie an international Bezéiunge studéiert. Tëscht 1990 an 1992 war hie Member vum slowenesche Parlament, an 2004-2009 vum Europaparlament.

Hien ass President vun der slowenescher sozialdemokratescher Partei.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Borut Pahor – Biller, Videoen oder Audiodateien