Bosscha-Observatoire

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Bosscha-Observatoire
Bosscha-Denkmal vu 1923

De Bosscha-Observatoire ass den eelsten Observatoire an Indonesien. E gouf 1923 gegrënnt a gehéiert zum Institut Teknologi Bandung. E steet op enger Héicht vun 1.310 m an der Stad Lembang am Weste vun der Insel Java.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Teleskope

Den Observatoire huet fënnëf gréisser Teleskope:

[änneren] Zeiss-Duebelrefrakter

Mat deem Teleskop ginn Duebelstäre, besonnesch duerch Photometrie, Moundkrater, d’Planéite Mars, Saturn a Jupiter souwéi Koméite ënnersicht resp. observéiert. Den Teleskop huet zwou Objektivlënsen mat 60 cm Duerchmiesser an enger Brennwäit vun 10,7 Meter.

[änneren] Schmidt-Teleskop

Mat dem Schmidt-Teleskop (Spëtznumm: Bima Sakti) gi Galaxien, Stärespektren, Asteroide a Supernovae ënnersicht. Den Haaptspigel huet en Duerchmiesser vun 71 cm, d’Schmidt-Plack 50 cm, d’Brennwäit ass 2,5 m.

[änneren] Bamberg-Refrakter

Dëse Refrakter mat 37 cm Duerchmiesser an enger Brennwäit vu 7 m déngt besonnesch den Ënnersich vun der schäinbarer Hellegkeet, Distanzmiessung vu Stäre, Photometrie vu sech verdeckende Stären an der Sonnenobservatioun. Den Teleskop ass mat engem Photometer ausgestatt.

[änneren] Cassegrain GOTO

De Cassegrain-Spigelteleskop ass e Geschenk vun der japanescher Regierung an ass mat enger computergesteierter Ausriichtung (GOTO) ausgestatt. Un den Teleskop kënnen Spektrometer ugeschloss ginn.

[änneren] Unitron-Refrakter

Mat dësem Teleskop, dat e Lënsenduerchmiesser vun 13 cm huet, gi Mounddäischterte, Sonnendäischterte a Sonneflecke observéiert.

[änneren] Direktere

19231940: Joan Voûte
19401942: Aernout de Sitter
19421946: Masashi Miyaji
19461949: J. Hins
19491958: Gale Bruno van Albada
19581959: O. P. Hok dan Santoso Nitisastro (temporary officer)
19591968: The Pik Sin
19681999: Bambang Hidayat
19992004: Moedji Raharto
20042006: Dhani Herdiwijaya
20062009: Taufiq Hidayat
zënter 2009: Hakim L. Malasan

[änneren] Um Spaweck

Commons: Bosscha-Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen