Botany Bay

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Loftopnam vun der Botany Bay

Botany Bay, Botanesch Bucht ass den Numm vun enger Bucht bei Sydney, New South Wales, Australien .

An dëser Bucht ass de James Cook mat dem Schëff Endeavour fir d'éischt an Australien gelant.

Den Debarquement vum Cook huet den Ufank vum Intressi vun England un Australien gemaach , wat spéider als Konsequenz d'Kolonisatioun vun dësem Kontinent duerch England hat. Australien gouf déizäit de Südkontinent genannt.

Haut ass d'Botany Bay haaptsächlech bekannt duerch den Internationale Kingsford Smith Fluchhafen deen och de wichtegste Fluchhafe vun Australien ass. D'Geigend ëm d'Botany Bay steet ënner Naturschutz am Kader vum Nationalpark Botany Bay. An der Botany Bay ass och d'Naturresevat Towra Point.

Am Ufank huet de Cook an aner Redaktere vum Expeditiounsjournal d'Bucht Stingray Bay genannt wéinst engem Stachelrochen deen se do gefaangen haten. Mä a sengem Journal deen de Cook spéider op Basis vu sengen Notizen geschriwwen huet, huet hien den Numm a Botany Bay emgeännert, an en huet als Ursaach dofir uginn datt de grousse Planzeräichtum deen de Joseph Banks an den Dr. Solander op dëser Plaz beschriwwen hunn, hien dozou bruecht hätt. [1]

Fluchhafe vu Kingsford an Hafen (Port Botany)[änneren | Quelltext änneren]

De klenge Fluchhafe Mascot an der Botany Bay gouf no an no ausgebaut an 1953 zu Éiere vum Charles Kingsford Smith an Kingsford Smith Internaional Airport emgedeeft. Haut gëtt en awer meeschtens kuerzerhand Sydney Airport genannt.

Den Hafen, Port Botany gouf 1930 gebaut an ass haut e Container-Terminal.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Expédition à Botany Bay, la fondation de l'Australie coloniale, Watkin Tench, Préface vum Isabelle Merle, 2006, Éditions Anacharsis Le texte fondateur de l'Australie, Récit de voyage d'un capitaine de la First Fleet durant l'Expédition à Botany Bay.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

[1]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Ray Parkin, H. M. Bark Endeavour, Miegunyah Press, zweet Editioun 2003, ISBN 0-522-85093-6, page 203.