Bottermaart

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Botterfra, eng Skulptur (Bronce) vum Wil Lofy op der Bottermaart-Plaz zu Ettelbréck
Den Botter- an Eeërkuerf (Auschnëtt vum Wil Lofy senger Botterfra)

De Bottermaart gouf fréier de Bauerefraen d'Geleeënheet, fir hir Produkter unzebidden an ze verkafen. Meeschtens waren dat Botter, Eeër a Kéis (zu Lëtzebuerg: Kachkéis a Stoffi). Dat war an där Zäit, wéi vill Baueren selwer nach eng Mëllechzentrifug haten, fir d'Rahm vun der Mëllech ofzesënneren, a wéi op villen Häff nach gerompt ginn ass. Duerbäi koum, dat deemools d'Baueren sech selwer versuergt hunn, keng spezialiséiert Landwirtschat bedriwwen hunn an niewent de Groussbéischten och nach Hénger gehalen a Kéis produzéiert hunn. Fir d'Baueren war dat eng Geleeënheet, fir hir Produkter direkt ze verkafen an net iwwer den Tëschenhandel brauchen ze fueren. D'Mäert vun deenen hei Rieds ass, waren Wochemäert an waren all aacht Deeg, deselwechten Dag, fréier nach dobaussen, op enger Plaz matten an der Uertschaft. Haut gëtt et nach de Bottermaart. Awer net méi wéi fréier. D'landwirtschaftlech Produkter ginn lo normalerweis iwwert den Handel verkaaft.

Inhaltsverzeechnes

De Bottermaart am Lëtzebuerger Land [änneren]

Zu Ettelbréck [änneren]

Dëst Scheld zu Ettelbréck erënnert drun, dat fréier op där Plaz de Bottermaart ofgehal gouf

Et war de 5. Februar 1854, wéi den éischte Wochemaart zu Ettelbréck ofgehale gouf (Jos Flies: Ettelbrück, die Geschichte einer Landschaft, S. 1601). De 15. Mäerz 1855 gouf dëse Wochemaart vum Donneschdeg op den Dënschdeg verluecht.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Markets – Biller, Videoen oder Audiodateien