Bouillabaisse

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Zu Bonifacio op Korsika gëtt eng Bouillabaisse preparéiert

D'Bouillabaisse ass eng Fëschzopp. Fréier gouf se vun de Fëscher mat Fëschreschter preparéiert, mat deene Reschter déi nach am Fëschkuerf iwwreg bliwwe sinn. Haut ass et ee franséischen Nationalplat, deen nëmme mat bestëmmte Fësch preparéiert gëtt.

[änneren] Wéi eng Fësch gi fir d'Bouillabaisse gebraucht?

  • D'Fleesch vun de Fësch muss fest sinn. Op d'mannst véier vun den hei opgezielte Fësch gi fir eng Bouillabaisse gebraucht:

Als Geméis gi Knuewelek, Ënnen, Tomaten a Fenchel, munnechchmol och Grompere geholl, an och nach Safran an Orangëschuelen. Dat Ganzt entspriechent gewierzt. D'Bouillabaisse gëtt mat Broutcroutonen a mat der traditioneller Rouille a gerapptem Kéis servéiert.

[änneren] Regioun vun de Bouillabaissen

Eng Bouillabaisse an engem brasilianesche Restaurant servéiert

Marseille ass bekannt fir seng Bouillabaissen. Bouillabaisse ginn et iewer och un der ganzer franséischer Mëttelmierküst an op Korsika.

Haut ginn et och Bouillabaisse-ähnlech Fëschzoppen baussent Frankräich, an zwar an alle Länner, déi op Fësch spezialiséiert sinn. Op der Belscher Küst gëtt z.B. eng Fëschzopp vum Nordmier servéiert, fir déi och aner lokal Fësch gebraucht ginn.

Commons: Bouillabaisse – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen