Boulevard Royal

Vu Wikipedia
Boulevard Royal
Ënnerhal vu(n) Administration des ponts et chaussées
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Uewerstad
Deel vun Nationalstrooss 7
Koordinaten 49°36'48,020"N, 6°7'33,521"O
Morphologie
Längt 770 m
Héicht i. M. 307 m
Geschicht
Genannt 21. Juli 1977
Genannt no Wëllem III. vun Holland

De Boulevard Royal ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. E féiert ëm den historesche Stadkär a verbënnt am Norden den Eecher Bierg, respektiv den Ausgang vum Helleg-Geescht-Tunnel, mat am Süden der Adolphe-Bréck an doriwwer eraus der Neier Avenue a Richtung Gare. E féiert op der ganzer Längt iwwer d'Nationalstrooss 7.

De Boulevard Royal gouf an den 1870er Joren op den ale Festungswierker vun der Festung Lëtzebuerg ugeluecht, déi ofgerappt gi waren. Den Numm, op enger Kaart vun 1890 och Boulevard du Roi genannt, bezitt sech op de Wëllem III., Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg[1],[2].

Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss „Königsring” geheescht[3].

Bis an d'1970er an 1980er Jore stoungen do eng Rëtsch Villae mat klenge Parke ronderëm. Mat der Entwécklung vun der Finanzplaz sinn dës no an no ofgerappt ginn an duerch Bürosgebaier oder Hoteller ersat ginn.

Och d'Aldringer-Schoul, nieft der Post, gouf ofgerappt, an an d'Plaz koum de Centre Hamilius an eng Busgare mat engem ënnerierdesche Passage an do drënner e Parking. De Parking an d'Busgare goufen den 31. Mee 2015 zougemaach an d'Gebai gouf am Summer 2015 ofgerappt fir duerch en neien Immobiliëprojet, Royal Hamilius genannt, ersat ze ginn.

Eent vun de wéinegen erhalene Gebaier vun Enn vum 19. Joerhonnert ass de Sëtz vun der Lëtzebuerger Zentralbank, dat virdrun der BIL gehéiert huet, an d'hënnescht Fassad vun der aler Schwämm.

Bemierkenswäert Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

(déi nach bestinn, oder déi mëttlerweil nees ofgerappt goufen)

Skulpturen um Boulevard Royal[änneren | Quelltext änneren]

Weider Skulpturen déi do stounge waren d'Interpénétration vum Lucien Wercollier (op Nr. 10A) a La grande Tempérance vun der Niki de Saint Phalle (op Nr. 51).

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Robert Philippart, 2014, Le chantier Royal-Hamilius commence. Il était une fois le boulevard Royal. Le patrimoine bâti disparu de nos jours. Die Warte vum 27. Februar 2014, S. 6-7.
  • Robert Philippart, 2014, Le chantier Royal-Hamilius commence (II). Il était une fois le boulevard Royal. Le patrimoine bâti disparu de nos jours Die Warte vum 6. Mäerz 2014, S. 5.
  • Robert Philippart, 2012. Le chantier Royal-Hamilius est lancé. Le boulevard Royal - emblématique du développement de la ville. Die Warte vum 27. September 2012, S. 4-5.
  • Denis Scuto, 1995. Un crime de lèse-beauté: le Boulevard Royal, Luxembourg-Ville. Tageblatt Nr. 86 vum 13. Abrëll 1995, S. 11.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Boulevard Royal – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Beck, Henri, ons stad, Nr. 59, 1998
  2. Boulevard Royal an den Archive vun der Stad Lëtzebuerg op www.archives-vdl.findbuch.net, gekuckt de 17. Februar 2020
  3. Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32.
  4. (C.), 2011. Marienstatue am Bd Royal in neuer Pracht. Luxemburger Wort vum 1. Oktober 2011, S. 42. Dës Statu ass déi eenzeg, déi vun deem Haus Rescht ass, dat an den 1980er Joren ofgerappt gouf, fir dat aktuellt Gebai opzeriichten. Si war och do um Eck ubruecht.
  5. Den Architekt Charles Arendt hat dës Statu op der Fassad vu sengem Haus installéiere gelooss. - Robert L. Philippart, 2015. Signe, sens et symbole. ons stad 110: S. 21.