Bouzonville

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Bouzonville
D'Kierch vum Hellege Kräiz vu Bouzonville
D'Kierch vum Hellege Kräiz vu Bouzonville
Land Flag of France.svg Frankräich
Regioun Blason Lorraine.svg Loutrengen
Departement Blason département fr Moselle.svg Moselle
Arrondissement Boulay-Moselle
Kanton Bouzonville
Koordinaten 49° 17' 33" N
06° 32' 06" O
Bevëlkerung Uertschaft  4.220 (1999)

Bouzonville ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng a Loutrengen am Departement Moselle, eng 20 km westlech vum däitsche Saarlouis.

Den Uert läit um Uwänner vun der Nied am sougenannte Pays de Nied, der Landschaft vum ënneschten Nieddall.

Am Joer 1030 huet de Grof Adalbert vum Elsass e Benediktinerklouschter zu Bouzonville gegrënnt an do d'Reliquie vun enger Spläiter vum Hellege Kräiz ënnerbruecht. De Poopst Leon IX. ass doropshi Bouzonville am éischte Joer vu sengem Pontifikat (1049) besiche komm. 1340 gouf d'Kierch vum Hellege Kräiz an engem vun de sëlleche klenge Feudalkricher zerstéiert, mä nach virum Enn vum 14. Joerhonnert war se nees nei opgebaut. D'Reliquie vum Hellege Kräiz ass manner gutt dovukomm, well och wa se d'Zerstéierung vun der Klouschterkierch iwwerlieft hat, sou ass se dach no der Opléisung vum Klouschter an der Franséischer Revolutioun verbrannt ginn. Déi al Klouschterkierch gouf ënner dem Empire als einfach Parkierch renovéiert.

An der méi rezenter Geschicht ass ervirzehiewen, datt d'Gemeng Brettnach 1974 mat Bouzonville fusiounnéiert hat, obwuel déi zwou Gemengen iwwerhaapt net unenee gegrenzt hunn. Et huet dann och net laang gedauert a Brettnach huet sech schonn 1982 nees vun där Unioun geléist.

An der méi rezenter Geschicht ass ervirzehiewen, datt d'Gemeng Brettnach 1974 mat Bouzonville fusiounnéiertt, obwuel déi zwou Gemengen iwwerhaapt net unenee gegrenzt hunn. Et huet dann och net laang gedauert a Brettnach huet sech schonn 1982 nees vun där Unioun geléist.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bouzonville – Biller, Videoen oder Audiodateien