Bréck an der Weilerbaach

Vu Wikipedia
Alfred-Toepfer-Bréck
D'Bréck vum rietsen Uwänner gesinn
Geographie
Land Lëtzebuerg
Däitschland
Plaz LUXLUX Weilerbaach
DEUDEU Weilerbach
Flosskilometer 30,920
Koordinaten 49° 50’ 01.03’’ N 06° 23’ 02.18’’ O
Chronologie
Baujoer 1881
Zerstéiert 1944
Rekonstruktioun 1964
Funktioun
Benotzt als Stroossen an Eisebunnsbréck
(1881-1944)
Spadséierwee
(vun 1964 un)
Fuerspueren 1 (al Bréck)
Gleiser 1 (al Bréck)
Féiert iwwer Sauer
Technesch Detailer
Bréckentyp Gedeckt Bréck
iwwer 4 Felder
Längt tëscht Widderlager 65,59 m
Felder/Béi 4
Feldbreet(en) 15,45 - 16,20 - 16,80 - 12,34 m
Material geläimt Holzbinderen
Bemierkungen
Bauhär Lëtzebuerg
Rheinland-Pfalz


D'Bréck an der Weilerbaach ass eng däitsch-lëtzebuergesch Grenzbréck iwwer d'Sauer tëscht Weilerbaach a Weilerbach am Äifelkrees Béibreg-Prüm a Rheinland-Pfalz. Si steet um Flosskilometer 30,920.

D'Bréck gouf 1967 ageweit an et war déizäit an Europa déi eenzeg Grenzbréck bei där keng Gebaier fir Grenzkontrolle gebaut goufen. Fir den deemolge President vum Verein Naturschutzpark e. V. den Dr.h.c. Alfred Toepfer z'éieren, gouf d'Bréck op den Numm Alfred-Toepfer-Bréck gedeeft.

Fir drop opmierksam ze maachen datt iwwer d'Bréck e Jakobswee féiert, gouf am Joer 2010 am Agank vun der Bréck op der lëtzebuergescher Säit eng Skulptur mat enger Jakobsmuschel opgestallt. Se gouf vum Iechternacher Sculpteur Michel Schiltz op der Plaz aus dem Stee geha.

Hir Nopeschbrécke sinn d'Bréck vu Bollendorf (flossop) an d'Foussgängerbréck zu Iechternach (flossof).

Fréier Bréck[änneren | Quelltext änneren]

Déi al Bréck vun 1881 huet aus zwéin Deeler bestanen. Um Uschloss um lëtzebuergeschen Uwänner stoung eng Dunnebréck mat dräi Felder vun allkéiers 16,30 m op zéi Flosspiliere vun 2 m Breet. Dorun huet um däitschen Uwänner eng stenge Boubréck ugeschloss mat enger Boubreet vun 9 m. D'Bréck war op Bedreiwe vum Verwalungsrot vun der Weilerbacher Schmelz ënner dem Emile Servais gebaut ginn, haatsächlech fir d'Produkter iwwer Lëtzebuerg, dat déi Zäit am Däitschen Zollveräin war, méi einfach kënnen ze kommerzialiséieren. D'Eisendunnen op den zwou Säite ware sougenannt Vollwandblechdunnen mat enger Héicht vun 2 Meter, déi aus Stécker vun der Whitewell-Wandhëtzanlag déi 1877 an der Schmelz ofmontéiert gi war, zesummegenitt goufen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]