Bréck vu Ben-Ahin

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Pylone vun der Bréck vu Ben-Ahin

D'Bréck vu Ben-Ahin och nach Pont Père Pire ass eng Bréck iwwer d'Meuse an der Gemengesektioun Ben-Ahin zu Huy an der belscher Provënz Léck.

Et ass eng Schréiseelbréck, (gemëschte Bëschel an Harfeform), déi no engem besonnesche System gebaut gouf. D'Bréck hänkt an engem ëmgedréinten Y-Pylone deen op dem lénksen Uwänner vun der Meuse steet. Si gouf komplett do parallel zum Floss opgeriicht, a wéi se fäerdeg wat gouf se duerch Rotatioun vum Pilier iwwer de Waasserlaf gedréint. Et ass och eng vun de wéinege Brécken déi eng Opfaart an der Mëtt vun engem Feld huet.

D'Bréck gouf tëschent 1985 an 1987 gebaut an den 18. September 1987 duerch Rotatioun vum Pylone op seng Plaz gedréint.

Si krut den Numm Pont Père Pire als Ërennerung un den Dominikaner-Pater Dominique Pire och Père Pire genannt.

[änneren] Technesch Detailer

  • Bauverfahren: Verdréiung ëm di eegen Achs
  • Tablier: Den Tablier ass aus Spaanbëtong
    • Héicht iwwer alles: 2.90 m
    • Breet iwwer alles: 21.80 m
  • Moossen
    • Gréisst Drowäit: 168 m
    • Total Längt: 341 m
    • Feldwäiten: 3 x 42 m - 168 m - 42 m
  • Kabelen: 40 Stéck
  • Héicht vum Pylone: 93.50 m

[änneren] Um Spaweck

Cable-Stayed Bridges of Europe: Belgium (A-M)

Régionale liégoise: Huy: Les Ponts

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht