Bréck vu Chinet

Vu Wikipedia
Bréck vu Chinet
Geographie
Land Belsch
Plaz Huy
Koordinaten 50° 30’ 33.82’’ N
      05° 14’ 22,84’’
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Féiert iwwer Hoyoux
Technesch Detailer
Bréckentyp Dunnebréck
Totallängt 24,90 m
Längt tëscht Widderlager 23,00
Felder/Béi 1
Breet 5,15 m
Material Eisen
Bemierkungen
Opgaangen 1894
Entreprener Société métallurgique
Auguste Ghilain


D'Bréck vu Chinet ass eng Stroossebréck zu Huy an der Provënz Léck.

D'Bréck gouf 1894 gebaut. Et ass eng genitten Dunnebréck am Fachwierkbau vum Typ Pratt, a si huet eng stenge Bréck ersat déi bei engem Héichwaasser ewechgespullt gouf. D'Dunnen hunn eng variabel Héicht vun 2,30 m op den Enner bis op 3,80 m an der Mëtt. Déi siwe bannenzeg Gefaacher hunn eng Breet vun 2,70 m an déi zwee baussenzeg sinn 2,40 m laang.

Si ass 4,60 m breet, 24,90 m laang a féiert iwwer den Hoyoux en Niewefloss vun der Meuse.

Si verbënnt d'Rue Sainte Catherine mat der Chaussée des Forges .

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Bréck op der Plaz war eng hëlze Bréck déi d'Verbindung tëscht der Pabeierfabréck Godin an der Strooss, déi 1845 gebaut gi war, gemaacht huet. 1873 koum eng verwëlleft Bréck mat dräi Béi an d'Plaz. Déi gouf eng Kéier bei engem Héichwaasser 1891 ewechgespullt, an duerno nach eng Kéier am Januar 1893. D'Receptioun fir déi haiteg Bréck gouf den 22. Oktober 1894 gemaach a se gouf fir 18 Tonnen zougelooss.