Bréck vu Cubzac (1883)

Vu Wikipedia
D'Bréck vum lénksen Uwänner gesinn
Opfaart um lénksen Uwänner

D'Bréck vu Cubzac ass eng Stroossebréck an der Gironde. Se féiert tëscht Cubzac a Saint-Vincent-de-Paul iwwer d'Dordogne. Iwwer d'Bréck féiert d'Departementale 1010. Hiren offiziellen Numm ass Pont Gustave Eiffel.

Déi haiteg Bréck huet déi fréier Hänkbréck ersat, déi 1869 bei engem Stuerm beschiedegt gouf, an huet missen ofgerappt ginn.

D'Pilieren an de Fachwierkbau sinn aus Fer forgé an déi ganz metalle Konstruktioun weit 3.000 Tonnen. Se huet mat den Opfaarten eng Totallängt vu 1.545 Meter an de Bau iwwer Floss besteet aus 8 Felder vu 6 × 72.80 m an 2 × 57.60 m.

Am Zweete Weltkrich gouf Bréck de 26. August 1944 vun der Wehrmacht op hirem Réckzuch aus dem Süde vu Frankräich zerstéiert. Op der Säit vu Cubzac goufen zwéi Pilieren an dräi Felder gesprengt. Et ass deduerch e Lach vun 190 Meter Längt entstanen, an d'Widderlager op der rietser Säit gouf beschiedegt.

Am Mäerz 1946 gouf mat de Fléckaarbechten ugefaangen an de 27. Dezember 1947 konnt de Verkéier erëm driwwer lafen. Den 1. Februar 1948 huet den deemolegen Inneminister Jules Moch d'Bréck frësch ageweit.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Asensio, Paco Gustave Alexandre Eiffel, teNeues, Düsseldorf (Allemagne), ISBN 3823855409, 2003; pp. 52–57.
  • Grattesat, Guy Ponts de France, Presses Ponts et chaussées, Paris (France), ISBN 2859780300, 1984; pp. 140.
  • Montens, Serge Les plus beaux ponts de France, Bonneton, Paris (France), ISBN 2862532754, 2001; pp. 98.
  • Prade, Marcel Ponts et viaducs au XIXème siècle, Poitiers (France), 1988; pp. 255–258.
  • Stiglat, Klaus Brücken am Weg, Ernst & Sohn, Berlin (Allemagne), ISBN 3433012997, 1997; pp. 88–91.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]