Bréck vu Laser

Vu Wikipedia
Bréck vu Laser
Vue op d'Bréck vun der Lëtzebuerger Säit

D'Bréck vu Laser ass eng däitsch-lëtzebuergesch Grenzbréck tëscht Waasserbëlleg a Laser. Si féiert um Flosskilometer 1,73 iwwer d'Sauer. Si huet eng Fuerspuer, an d'Benotze vun der Bréck ass duerch en ettlech Schëlter reglementéiert. Sou gëtt ë. a. d'Schëld B, 6 de Benotzer vu Gefierer déi vun der N10 kommen Virfaart vis-à-vis vun de Gefierer déi aus der Uertschaft Laser kommen. Well d'Bréck mat engem Ieselsréck gebaut ass, besteet fir Chaufferen déi vun der däitscher Säit komme keng Méiglechkeet fir d'Signalisatioun ze respektéieren, well een aus engem normale Persounewon net iwwer de Bockel ewech gesäit.

Op der lëtzebuergescher Säit geet se vun der N10 aus, an iwwer d'Waasserbëlleger Strooss zu Laser huet se Kontakt mat der Bundesstrooss B 418. Et ass eng Boubréck mat 5 Béi an enger Längt vu 87 m. D'Feldwäite sinn: 12,40 m - 16,79 m - 16,64 m - 16,77 m - 12,40 m. Si ass aus arméiertem Bëtong a mat Hasteng ausgekleet.

D'Bréck vu Laser gouf 1855 gebaut, an am Zweete Weltkrich, 1944 zerstéiert. Nom Krich gouf déi haiteg Bréck 1952 opgeriicht.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]