Bréck vu Miersch

Vu Wikipedia
Bréck vu Miersch
Laangbréck
Geographie
Land Lëtzebuerg
Plaz Miersch
Koordinaten 49° 44’ 59.5’’ N
      06° 06’ 36.6’’ O
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Féiert iwwer Uelzecht, Eisebunn
Technesch Detailer
Bréckentyp Schréiseelbréck
Totallängt 285 m
Längt tëscht Widderlager 260 m
Felder/Béi 4
Feldbreet(en) 43,3 - 2 × 86,7 - 43,3
Breet 14,20 bis 15,80 m
Héicht ± 40 m
Material Stol, Bëtong
Haaptbréck
Fräi Héicht ± 10 m (Maximum)
Piliershéicht 30 m iwwer dem Tablier
Bemierkungen
Ersetzt Bréck vun 1956
Opgaangen 18. Juni 2016

D'Bréck vu Miersch, och nach Laangbréck genannt, ass eng Bréck op der Nationalstrooss 7 déi Bierschbech mat Miersch verbënnt.

Vum Rond-point (N7, rue Lohr, Fielser Strooss) zu Bierschbech aus geet d'Bréck liicht biergop an dréit an engem liichte Bou nordwestlech a Richtung Miersch. Se féiert iwwer d'Uelzecht, d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen an dann an enger liichter Descente laanscht den Depot vun der Bauverwaltung am Weste bis op Miersch op d'Kräizung mat der rue Grande-Duchesse Charlotte an der rue de la Gare.

D'Bréck mat der interner Nummer O.A. 202[1] vu Ponts et Chaussées huet eng Längt vun ongeféier 285 Meter.

Déi al Bréck, aus virgespaantem Bëtong, déi 1956 gebaut gouf, ass wéinst hirem schlechten Zoustand ë. a. vum Eisebëtong an de Cornichen an an de Mauere vun der Bréck[2] an awer och am Kader vun engem neien Amenagement vun de Stroossen tëscht 2014 an 2016 ersat ginn[3].

Déi nei Bréck[änneren | Quelltext änneren]

Déi nei Bréck ass eng Schréiseelbréck mat enger Längt tëscht de Widderlagere vun 260 Meter op véier Felder opgedeelt (43,3 - 2 × 86,7 - 43,3). Si huet zwéin 30 m héich Pilieren[4] déi 20 Seeler droen an zousätzlech op all Säit nach zwéin Opleeër fir déi zwee säitlech Felder. Den Tablier ass 14,20 Meter breet mat enger Evasioun op 15,80 Meter op der Héicht vun de Pilieren.

D'Aarbechte fir déi nei Bréck hunn den 1. September 2014 ugefaangen. Vu Mee bis August 2015 goufen déi uneneegeschweesst stolen Dunne Stéck fir Stéck op déi nei bëtongs Piliere gedréckt. Am September goufen déi zwéi markant rout Pilieren opgeriicht an an de Méint dono goufen d'stole Seeler tëscht de Pilonen an der Bréck festgemaach a gespaant. Den 18. Juni 2016 konnt s'a Betrib geholl ginn. Kuerz drop hunn d'Ofrappaarbechten un der aler Bréck ugefaangen; si waren am September 2016 ofgeschloss.[5]

Déi nei Bréck gouf am Kader un enger ganzer Rëtsch Baumoossname ronderëm Bierschbech a Miersch konzipéiert, woubäi, och:

  • d'Stroossen ob béide Säiten nei ugeluecht goufen, d. h. op der nërdlecher Säit zu Miersch ass d'Kräizung um Enn vun der Bréck nei amenagéiert a mat Verkéiersluuchten ekipéiert gëtt, grad wéi op der südlecher Säit zu Bierschbech de Rond-point en zousätzlechen Accès kritt huet, fir vun do aus an deen neie Wunnquartier ze féieren;
  • eng zweet - méi kleng - Bréck gebaut gouf, déi op der Bierschbecher Säit vum Rond-point aus iwwer eng nei Strooss ënnert der Haaptbréck erduerch a Richtung vum neie "grénge Quartier" an dem neie Park-and-Ride „Flohr“ féiert.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bréck vu Miersch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. O.A. = ouvrage d'art
  2. Äntwert vum Stroossebauminister vum 22. Mäerz 2006 op eng parlamentaresch Ufro
  3. Zwei neue Brücken für Mersch op wort.lu vum 7. August 2013
  4. Héicht vun de Pilieren iwwer dem Tablier
  5. "Die rote Brücke aus Mersch im Zeitraffer." wort.lu, 15. August 2016.