Bréck vu Réimech
D'Réimecher Bréck ass eng Bréck iwwer d'Musel, tëscht der lëtzebuergescher Uertschaft Réimech, an der däitscher Uertschaft Nennig. Se gouf 1959 gebaut, an et ass déi zweet Bréck zënter 1886
Inhaltsverzeechnes |
D'Bréck vun 1866 [änneren]
Déi al Réimecher Bréck vun 1866 war eng Boubréck mat néng Béi déi am Stee gebaut war an eng Längt vun 250,95 Meter hat. D'Béi hate vu Pilier zu Pilier allkéiers 22 Meter, D'Fuerbunn war 5 m breet an op all Säit war en Trottoir deen e bësselche méi héich wéi Fuerbunn war. D'Bréckegelänner war aus Fer forgé.
Déi Bréck huet eng Pont ersat déi schonns am Weistum vu Reméich a vum Haff Réimech am Joer 1462 ernimmt gëtt. Do geet Rieds dervunner datt ee Brigang deen d'Pont errecht huet, dodrop 6 Wochen an dräi Deeg Asylrecht hat. Déi Pont gëtt den 13. August 1804 an engem Dekret ernimmt an deem d'Tarifer fir Ponten am Département des Forêts festgesat goufen. Ongeféier 100 Meter flossofwäerts vun der haiteger Bréck gouf et fréier och eng Fuert, déi bei Niddregwaasser konnt benotzt ginn, an déi fréier wichteg fir de Grenzverkéier war. Op béide Säite vun der Fuert stounge Grenzsteng. Den däitsche Grenzsteen N° 5 ass haut nach um Lieu - dit Rothhaus ze gesinn.
1863 hat den Nicolas Gonner deen deemools Kantonalpiqueur [1] zu Réimech war, huet a senger Broschür déi fir de Gemegerot vu Réimech gemaach gouf, op d'Wichtegkeet vun enger Bréck higewisen, besonnesch well lëtzebuergesch Wënzer déisäit der Musel Akerland haten.
No laange Verhandlunge mat Preisen, a Gedeessems mat der preisescher Arméi déi verlaangt huet, datt op de Bréckekäpp sollte Sprengkummeren ugeluecht ginn, war et endlech souwäit datt den 11. August 1863 an der Gemeng Réimech dem Housse säi Plang fir eng Bréck ze bauen ugeholl gouf. D'Fred war net vu laanger Dauer. E puer méi dichteg Leit an der Verwaltung hate Bedenke géint dem Housse säi Plang, an eng Kommissioun huet d'Pläng missen nokucken. Déi huet prompt den Devis an de Plang verworf, an den Eisebunnsingenieur vum Wëllem, den Oscar Bellanger, dermatter chargéiert en neie Plang mat Devis opzestellen. Deen huet eng Bréck mat néng Béi proposéiert, wéi se déizäit gängeg bei den Eisebunne waren, an d'Konstruktioun sollt 330.000 Frang kaschten. D'Plaz an der Musel op enger décker Muschelkallekschicht gouf bäibehalen. Dee Plang gouf den 23. Mäerz 1865 ugeholl, an de 24. huet d'Gemeng d'Aarbechten ausgeschriwwen,[2] an den Dikrecher Entreprener, Pierre Joseph Vanderaiken, krut den Zouschlag, an d'Bréck sollt den 31. Dezember 1866 fäerdeg sinn. Duerch d'Cholerasepedimie déi et 1866 zu Lëtzebuerg gouf, där och de Vanderaiken zum Affer gefall war, koum et zu en etlech Problemer. D'Bréck konnt awer 1866 fäerdeg ginn.
D'Bréck gouf den 9. Juli 1867 a Presenz vum Prënz Hary ageweit.
De Pontebetrieb gouf zougemaach an de Passeur P.Kieffer krut eng Indemnitéit vu 506 Frang.
Duerch en Arrêté Grand-ducal war d'Gemeng Réimech déi de Bréckebau finanzéiert hat autoriséiert ginn eng Maut opzehiewen.[3] De 5. Oktober 1866 gouf an der Gemeng Réimech iwwer d'Héicht vun der Maut ofgestëmmt, an d'Strofe goufe festgeluecht. Duerno gouf d'Konzessioun fir d'Maut opzehiewen, fir allkéiers dräi Joer versteet. Vun 1939 un, gouf kee Bréckegeld méi opgehuewen.
Déi haiteg Bréck [änneren]
Déi nei Bréck vun 1959 ass eng Cantilever-Breck där hir Dunnen a variabler Héicht sinn. Si ass 228,90 Meter laang a besteet aus 6 Felder mat folgende Spanwäiten: 26,60 m - 25,30 m - 3 x 51,00 m - 24,00 m.
Den Tablier ass aus virgespaantem Bëtong, an d'Dunne leien op Pilieren aus arméiertem Bëtong.
Literatur [änneren]
- Weber, Heinrich Theodor, 1997. - Brücken über die deutsch-luxemburgische Grenze. Gollenstein, Blieskastel. ISBN 3-930008-61-0, Säit 375-394.
Referenzen [änneren]
- ↑ Kantonalpiquer war déizäit d'Bezeechnung fir de Responsabele fir d'Gemengeweeër an engem Kanton. Déi Fonctioun war 1844 mam Gesetz iwwer d'Gemengeweeër Loi du 12 juillet 1844 sur les chemins vicinaux. agefouert ginn. 1874 gouf se nees ofgeschaaft.
- ↑ Luxemburger Wort Nr. 72 vum 26. Mäerz 1865
- ↑ Mémorial 1866 Säit 198