Bréck vu Revin-Orzy

Vu Wikipedia
D'Bréck vum rietsen Uwänner gesinn

D'Bréck vu Revin-Orzy ass eng Bréck iwwer d'Meuse, tëscht Revin an Orzy an de franséischen Ardennen.

D'Bréck gouf 1963 gebaut a se verbënnt d'Departementale D1 bei Orzy mat dem Garer Quartier vu Revin deen agekesselt an der südlecher Meuseschläif läit.

Et ass eng Boubréck aus arméiertem Bëtong an ass am Ganzen 142 m laang mat enger Haaptdrowäit vun 120 m. D'Verhältnes Drowäit:Héicht ass 12:1.

D'Konzeptioun vun der Bréck ass vum Claude Charles Marlier a se gouf vun der Entreprise Zublin et Perrière gebaut.

Nopeschkonstruktiounen um Canal de la Meuse sinn:

  • De Kanaltunnel vu Revin.
  • D'Schleis N°49 vun Orzy mam Nolewier.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bouchet, André Le pont sur la Meuse entre Revin et Orzy, dans "La Technique des Travaux", mai 1964, n. 5-6 v. 40.
  • Grattesat, Guy Ponts de France, Presses Ponts et chaussées, Paris (France), ISBN 2859780300, 1984; pp. 177.
  • Marrey, Bernard Les ponts modernes - vingtième siècle, Picard Éditeur, Paris (France), ISBN 2708404849, 1995; pp. 158–160.
  • Montens, Serge Les plus beaux ponts de France, Bonneton, Paris (France), ISBN 2862532754, 2001; pp. 141.