Bréck vu Vroenhoven

Vu Wikipedia
Bréck vu Vroenhoven
Geographie
Land Belsch
Plaz Vroenhoven / Wolder
Koordinaten 50° 49’ 51.34’’ N
      05° 38’ 33.75’’ O
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Benotzt vun N 79
Féiert iwwer Albertkanal
Technesch Detailer
Bréckentyp gemëscht Dunnebréck (Huelkëschtendunnen)
an Hänkbréck
Totallängt 195 m
Felder/Béi 3
Feldbreet(en) 35 - 100 - 60
Breet 18,5 m
Material Stol
Bemierkungen
Status A Betrib
Ersetzt Bréck vun 1935
Bauzäit 2007 - 2009
Opgaangen 2009
Architekt(en)
Konzeptioun
Ney & Partners

D'Bréck vu Vroenhoven ass eng Stroossebréck an der belscher Provënz Limburg iwwer den Albertkanal um Kilometerpunkt 22.4 tëscht den Uertschafte Vroenhoven a Wolder.

Iwwer d'Bréck féiert d'Nationale 79, déi do Kapitein-Vlieger Glorie-Straat heescht, fir un de Capitaine André Glorie, deen net wäit dovun, mat sengem Fairey Battle bei enger Missioun fir d'Bréck ze bombardéieren, fir den däitsche Virmarsch ze verhënneren, zu Vlijtingen erofgeschoss gouf, an ëm d'Liewe koum.

Déi haiteg Bréck ass eng 195 m laang stole Bréck a gouf tëscht 2009 an 2010 gebaut. Si ersetzt eng Boubréck aus arméiertem Bëtong aus dem Joer 1935.

Déi al Bréck hat dräi Béi, war 117 m laang an 9 Meter breet. An de Bréckepiliere ware Sprengkummeren agebaut, an d'Zündanlag war an enger Kasematt déi nieft der Bréck op der Säit vu Vroenhoven stoung. D'Kasematt déi nieft der aler Bréck stoung, sollt bestoe bleiwen. Well se awer deelweis op Fëllementer stoung, déi beim Sprenge vun der aler Bréck konnte beschiedegt ginn, huet se virun där Aktioun missen deplacéiert ginn. Dofir goufen donieft provisoresch Fëllementer ugeluecht, a se gouf iwwer Schinne mat Hëllef vun hydraulesche Pistonen do dropgedréckt. Nom Sprenge vun der Bréck, goufen déi al Fëllementer verstäerkt, an d'Kasematt gouf nees op déi al Plaz zeréckgedréckt.

Mam Bau vun der neier Bréck gouf an engems de Fläschenhals um Kanal op där Plaz eliminéiert, soudatt elo zwee Schëffer sech ënner der Bréck kräize kënnen, wat fréier net méiglech war, well déi zwéi Piliere vun der aler Boubréck ze no beienee stoungen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Déi al Bréck 2006