Bréck vun Déiljen

Vu Wikipedia
Bréck vun Déiljen
Geographie
Land Lëtzebuerg
Däitschland
Plaz LUXLUX Déiljen
DEUDEU Wallendorf
Flosskilometer 39,190
Koordinaten 49° 51’ 12.9’’ N
      06° 19’ 15.0’’ O
Chronologie
Baujoer 1888
Zerstéiert 1944
Rekonstruktioun 1952
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Fuerspueren 2
Uschloss un LUXLUX N 10
DEUDEU L 1
Féiert iwwer Sauer
Technesch Detailer
Bréckentyp Boubréck
Totallängt 90,20 m
Felder/Béi 5
Feldbreet(en) 5 × 12,60 m
Breet 9,00 m
Héicht 5,70 m
Material Arméierte Bëtong
Bemierkungen
Bauhär Lëtzebuerg
Rheinland-Pfalz


D'Bréck vun Déiljen ass eng däitsch-lëtzebuergesch Grenzbréck iwwer d'Sauer tëscht Déiljen a Wallendorf am Äifelkrees Béibreg-Prüm a Rheinland-Pfalz. Et ass eng Stroossebréck um Flosskilometer 39,100 a si verbënnt déi däitsch L1 mat der lëtzebuergescher N10.

Déi éischt Bréck gouf 1888 gebaut an 1944 zerstéiert. Si hat eng total Längt vu 86.40 m mat 5 flaache Béi vun 13 m an engem Zentriwénkel vu 60°. An Géigesaz zu der haiteger Bréck hat déi keen Ieselsréck. D'Pläng fir déi Bréck ware vum Bezierksingenieur Antoine Hartmann.

Déi nei Bréck gouf 1952 gebaut. Et ass eng Boubréck an ass 90.20 m laang mat 5 Béi vun 12.60 m. Si ass mat arméiertem Bëtong gebaut a mat Parmangen ausgekleet. De zoustännege Bezierksingenieur war de Mathias Willems an d'Baukäschten hate sech op 2.043.146 Frang belaf.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]